Basketball-ChampionnatD'Fiels wënnt kloer zu Diddeleng, de Champion Etzella start mat enger Victoire

RTL Lëtzebuerg
Donieft goufen et Heemvictoirë fir d'Sparta, de Racing an Esch.
D'Fiels huet sech däitlech zu Diddeleng duerchgesat.
© Christophe Hochard

Um Samschdeg war den Optakt vun der Saison 2026/27 an der Enovos League bei den Hären. Hei konnt d'Fiels däitlech zu Diddeleng gewannen, Bartreng huet sech géint Zolwer behaapt an d'Etzella huet auswäerts géint d'Kordall Steelers gewonnen. Fir Esch gouf et eng knapp Victoire géint Walfer an de Racing huet d'Amicale Steesel geklappt.

De Champion Etzella Ettelbréck start mat enger souveräner 109:81-Victoire auswäerts géint d'Kordall Steelers an d'Saison. D'Gäscht aus dem Norden haten d'Partie séier am Grëff, sechs Spiller konnten zweestelleg scoren an den neie Profispiller Deantoni Gordon huet mat 27 Punkten iwwerzeegt.

Den T71 Diddeleng huet sech de Start an d'Saison sécherlech anescht virgestallt. Doheem gouf et eng héich 59:89-Néierlag géint de Coupe-Gewënner Arantia Fiels, dobäi konnt bei der Lokalekipp ee Profispiller verletzungsbedéngt net agesat ginn. D'Gäscht aus der Fiels haten de Match vun Ufank un ënner Kontroll an hunn duerch e staarke leschte Véierel (27:4) um Enn däitlech gewonnen.

Schwaach an d'Saison gestart ass d'Amicale Steesel, d'Ekipp verléiert auswäerts 81:96 beim Stater Racing. D'Lokalekipp aus der Haaptstad louch schonn nom éischte Véierel 35:20 a Féierung. Mat 35 Punkte konnt den Antunio Bivins der Partie säi Stempel opdrécken.

Eng enk Partie hunn d'Supporter zu Esch gesinn. D'Lokalekipp hat zum Schluss déi besser Nerven a wënnt mat 78:74 géint d'Résidence Walfer, dat ënner dem Impuls vum staarke Clancy Rugg (23 Punkten), hie gouf ënnerstëtzt vum Jordan Hicks (20 Punkten).

D'Sparta Bartreng setzt sech an eegener Hal mat 86:72 géint den Opsteiger AS Zolwer duerch. D'Gäscht hunn sech no engem schwaache Start nees erugekämpft an ni opginn, um Enn huet sech d'Sparta déi zwee Punkten awer souverän geséchert. 26 Punkten goungen op de Kont vum Luke Avelon vun der Lokalekipp.

Um Sonndeg spillt nach den Opsteiger Gréngewald Hueschtert géint d'Musel Pikes.


Dammen

Bei den Dammen ass de kompletten éischte Spilldag um Sonndeg zu Nidderaanwen.

Back to Top
CIM LOGO