BasketballMax Krippler un d’Spëtzt vun der FLBB gewielt ginn

Christophe Hochard
6 Joer souz de Samy Picard um Presidentestull vun der Basketfederatioun. Mam Max Krippler huet d’FLBB en neie President. Hien kennt net aus dem Basket.
De Max Krippler, riets am Bild, ass neie President a Nofollger vum Samy Picard
De Max Krippler, riets am Bild, ass neie President a Nofollger vum Samy Picard
© RTL

Max Krippler heescht de neie Präsident vun der Basketfederatioun. De 40 Joer ale Sportsproff aus dem Sportlycée war déi leschten zwee Joer schonn am Conseil vun der FLBB. Hien gouf e Samschdeg de Moien op der Generalversammlung zu Dummeldeng per Akkumulatioun op de Presidenteposte vun de Veräiner gewielt. De Samy Picard huet déi lescht 6 Joer d’Geschécker vun der 4. gréisster Federatioun hei am Land geleet.

Nei am Verwaltungsrot vun der FLBB sinn och de fréieren Nationalspiller Thomas Grün, d’Caroline Schiltz als Affekotin an de Pit Rodenbourg. De fréiere Racing Coach ass no enger kuerzer Auszäit zréck an iwwerhëlt d’Fonctioun vum Generalsekretär.

En Thema bléift de Statut vum Non – JICL. Also Spiller a Spillerinnen déi hir éischte Lizenz net hei an engem lëtzebuergesche Veräin kritt hunn. En Aarbechtsgrupp gouf elo an d'Liewe geruff fir sech deem Dossier unzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO