E Basketsmatch fir de gudden Zweck"Lux Hoops for Hope": Lëtzebuerger Härennationalekipp géint Team Stars

RTL Lëtzebuerg
"Lux Hoops for Hope" ass e Gala-Match, dee fir de gudden Zweck organiséiert. E Samschdeg ëm 18:30 Auer spillen d'FLBB-Häre géint eng Ekipp vu Staren.
© Emile Mentz (Archiv)

Gespillt gëtt ëm 18:30 Auer an der Hal zu Steesel. Ënner dem Numm "Lux Hoops for Hope" gi Sue fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. Déi Lëtzebuerger Härennationalekipp spillt an engem Gala-Match géint eng Ekipp vu Staren aus fréieren non-JICL Spiller, déi elo zu Lëtzebuerg wunnen.

Déi komplett Kadere vun deene béiden Ekippe ginn an deenen nächsten Deeg annoncéiert. D'Tickete ginn et ënner anerem op www.paytix.lu ze kafen. All d'Recette ginn un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.

Back to Top
CIM LOGO