Basketballspillerinnen am AuslandOut fir d'Anne Simon mat Campobasso am Eurocup trotz Victoire

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch waren zwou Lëtzebuerger Nationalspillerinnen op der europäescher Bün am Asaz.
© FIBA

Am Eurocup stoung Magnolia Campobasso mam Anne Simon doheem virun enger schwéierer Aufgab. Eng 17-Punkten-Defaite aus dem Himatch vun der KO-Ronn géint Kibirkstis (Litauen) sollt an eegener Hal gedréint ginn. Campobasso konnt d’Partie um Enn mat 60:54 gewannen, domat ass d’Ekipp awer eliminéiert a verpasst de Sprong ënner Top 16. D’Lëtzebuerger Nationalspillerin konnt mat 17 Punkten eng staark Leeschtung weisen.

An der Euroleague gouf et fir Flammes Carolo mam Dionne Madjo eng 68:83 Defaite géint Spar Girona aus Spuenien. Déi jonk Lëtzebuerger Nationalspillerin koum a 19 Minutte Spillzäit op 3 Punkten a 4 Rebounds. Am Grupp E steet d’Ekipp weiderhin op der leschter Plaz.

Back to Top
CIM LOGO