E Freideg goung et iwwer 191 Kilometer aus dem belsche Riemst op dat hollännescht Venray...

... an dat iwwer ee ganz flaache Parcours. Et war eng animéiert 5. Etapp, bei där et um Schluss dräimol ronderëm Venray goung. Nom leschten Tour bloufen nach eng 15 Kilometer ze fueren an d'Spëtzt gouf vun engem Quartett ugefouert: Sütterlin, Stannard, Riesebeek, Smit.

Ma de Peloton war awer ganz no an den Ecart vun deene 4 vir ass weider erofgaangen a sou huet d'Feld sech nees 4 Kilometer virun der Arrivée regruppéiert. Duerno goung d'Geraibers ëm déi beschte Plaze lass - Affer vun dëser stresseger Situatioun gouf den Alex Kirsch. De Lëtzebuerg gouf widder de Band gedréckt an ass gefall.

Vir hat de Kolumbianer Alvaro Hodeg déi stäerkste Been a konnt sech virum Sam Bennett behaapten. Op déi 3. Plaz koum, och dank dem gudden Ufuere vum Alex Kirsch, den Edward Theuns. Den Tim Wellens bleift iwwerdeems am Leader Maillot.

Zäitgläich mat dem Gewënner koum och de Kevin Geniets als 40. un - de Bob Jungels hat als 97. ee Retard vu bal enger hallwer Minutt, grad esou wéi de Jempy Drucker als 101. Den Alex Kirsch ass wéi gesot gefall an als 143. mat engem Retard vun iwwer 3 Minutten iwwer d'Arrivée gefuer.

5. Etapp

© Binck-Bank-Tour / Twitter

General

© Binck-Bank-Tour / Twitter

D'Placéierunge vun de Lëtzebuerger am General

31 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 4:17

38 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step 5:13

60 DRUCKER Jempy BORA - hansgrohe 11:20

99 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 15:12