E Sonndeg ass mat Léck-Baaschtnech-Léck de leschte Klassiker vun dësem Fréijoer gefuer ginn.

Bei den Damme stoungen e Sonndeg beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck 140 Kilometer tëscht Baaschtnech a Léck um Programm. Um Enn ass d'Decisioun aus engem klenge Grupp eraus am Sprint gefall. Hei konnt sech d'Demi Vollering d'Victoire sécheren. Si huet sech virun hirer Landsfra Annemiek van Vleuten duerchgesat. D'Italienerin Elisa Longo Borghini huet de Podium als Drëtt komplettéiert.

Mam Claire Faber war eng Lëtzebuergerin um Depart. Si ass d'Course net op en Enn gefuer.

Bei den Hären war dne Tadej Pogacar de Stäerksten.

D'Resultat vun der Course

1 VOLLERING Demi SD Worx 3:54:31
2 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
3 LONGO BORGHINI Elisa Trek-Segafredo Women ,,
4 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon SRAM Racing ,,
5 VAN DER BREGGEN Anna SD Worx 0:02
6 VOS Marianne Team Jumbo-Visma Women 1:27
7 MOOLMAN Ashleigh SD Worx ,,
8 LUDWIG Cecilie Uttrup FDJ Nouvelle Aquitaine Futuroscope ,,
9 BRAND Lucinda Trek-Segafredo Women 1:59
10 SPRATT Amanda Team BikeExchange ,,
...
DNF FABER Claire Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch -