Bei der Elite-Course bei den Damme ka sech d'Lucinda Brand zu Drenthe an Holland den Titel virum Blanka Vas sécheren. D'Christine Majerus war net um Start.

Bei der Cyclocross-EM zu Drenthe an Holland stoung e Samschdeg de Mëtteg d'U23-Course bei den Hären um Programm. De Cédric Pries ass bei der Victoire vum Hollänner Ryan Kamp op déi 31. Plaz gefuer, dat mat engem Réckstand vun 3 Minutten a 5 Sekonnen. Op der 2. Plaz fiert de Belsch Niels Vandeputte an d'Bronzemedail ass fir den Thibau Nys.

Uschléissend war et dunn d'Course vun den Dammen, déi gefuer gouf. Hei gouf et eng Victoire fir d'Favoritin Lucinda Brand aus Holland. Si hat e Virsprong vu knapps 1 Minutt op d'Blanka Kata Vas aus Ungarn. Op déi 3. Plaz fiert d'Yara Kastelijn.

D'Christine Majerus stoung net um Start.