E Sonndeg um 13 Auer geet d'Marie Schreiber an der Espoir-Course vun den Dammen un den Depart.
No hirer 6. Plaz am leschte Joer gehéiert déi 19 Joer jonk Sportlerin dëst Joer zu de Kandidatinnen op eng Medail. An der U23-Course gëtt et eng grouss Favoritin, an déi heescht Shirin van Anrooij. D'Hollännerin gehéiert zu den 3 beschte Cross-Fuererinne vun dëser Saison a misst ganz schwéier ze packe sinn. Fir Sëlwer a Bronze kommen nieft dem Line Burquier aus Frankräich och nach d'Englännerin Zoe Backstedt a Fro. Béid Dammen huet d'Marie Schreiber an dëser Saison schonn e puer Mol gepackt. Nieft dem Schreiber fueren an der Espoir-Dammecourse e Sonndeg och d'Maïté Barthels an d'Live Wenzel mat.
Am Ganzen huet d'FSCL siwe Sportlerinnen a Sportler zu Hoogherheide am Asaz. Den Ufank mécht d'Anouk Schmitz e Samschdeg bei de Juniorinnen. Den Depart ass fir 11 Auer moies virgesinn.
E Sonndeg um 11 Auer fueren dann d'Juniore mat dem Lëtzebuerger Champion Noa Berton, dem Fynn Ury an dem Rick Meylender.
Fir de Jempy Drucker ass et déi éischt Cyclocross-Weltmeeschterschaft als Nationaltrainer.
D'U23-Dammecourse weise mir Iech e Sonndeg live op RTL an RTL.lu (Depart um 13 Auer).