De 26 Joer ale Mäder war en Donneschdeg op der Kinneksetapp an enger Descente mat héijer Vitess gefall an hat misse reaniméiert ginn.

De Schwäizer Coureur Gino Mäder ass een Dag no senger uerger Chute bei der Tour de Suisse u senge Blessure gestuerwen.

Seng Ekipp huet déi traureg Nouvelle iwwer Twitter bekannt ginn.

De 26 Joer ale Mäder hat en Donneschdeg op der fënnefter Etapp an enger ganz séierer Descente d'Kontroll iwwert säi Vëlo verluer, war vun der Strooss ofkomm a war an enger Baach leie bliwwen. Engem Dokter no gouf de 26 Joer ale Schwäizer 25 Minutte laang reaniméiert. Duerno gouf hien an d'Klinick geflunn a koum op d'Intensivstatioun.

De Schwäizer war virun dräi Joer bei Bahrain Victorious gewiesselt an hat 2021 eng Etapp vum Giro d'Italia an eng Etapp vun der Tour de Suisse gewonnen. Donieft war hie virun zwee Joer de beschte jonke Coureur bei der Vuelta.

Déi 6. Etapp e Freideg gëtt net gestart. D'Coureure fuere just neutraliséiert déi lescht 20 Kilometer vum Parcours zesumme Richtung Arrivée, fir esou dem Verstuerwenen ze gedenken.