Bei den Damme konnte sech ënnert anerem d'Lucinda Brand, d'Sanne Cant an och d'Hélene Clauzel den Titel vun der neier nationaler Championne sécheren.

E Samschdeg waren d'Titele vun den neie Lëtzebuerger Championen un d'Marie Schreiber an de Loïc Bettendorff gaangen.


Holland

Den neien hollännesche Champion bei den Hären heescht Joris Nieuwenhuis. Mat engem Virsprong op de Pim Ronhaar an de Lars van der Haar konnt hie sech e Sonndeg déi éischt Plaz sécheren.

Championne bei den Damme ass hei d'Lucinda Brand ginn. Si ass d'Course zu Hoogeveen virum Puck Pieterse an dem Annemarie Worst op en Enn gefuer.

Genee Zäite leien hei de Moment nach net vir.

Belsch

An der Belsch ass d'Victoire am nationale Championnat vun den Häre un den Eli Iserbyt gaangen. De 27 Joer ale Coureur konnt 0:25 Sekonne virum Joran Wyseure a 0:37 Sekonne virum Michael Vanthourenhout iwwert d'Zillinn fueren.

Nach méi enk war et op der Arrivée vun den Damme ginn. Hei war d'Sanne Cant zwou Sekonne virum Laura Verdonschot op d'Arrivée komm a konnt sech domat den Titel vun der nationaler Championne sécheren. Déi drëtt Plaz ass mat engem Retard vu 26 Sekonnen un d'Marion Norbert Riberolle gaangen.


Frankräich

Neie franséische Champion bei den Hären ass de Clément Venturini no engem spannende Sprint op der Arrivée. Hei hat hien nach eng Grëtz méi Kraaft an de Been an huet sech sou ganz knapps virum Joshua Dubau duerchgesat. 52 Sekonne méi spéit ass den Théo Thomas als Drëtten ukomm.

Den Titel bei den Dammen ass un d'Hélene Clauzel gaangen, dat 51 Sekonne méi séier war wéi d'Amandine Fouquenet. Mat engem Retard vun 2:03 Minutten ass déi drëtt Plaz un d'Anais Morichon gaangen.

Däitschland

An Däitschland ass de Marcel Meisen no senger Victoire neien nationale Champion vun den Hären. Mat 0:46 Sekonne Virsprong op den Alex Bregenzer an 0:59 Sekonnen op de Lukas Herrmann huet hie sech déi éischt Plaz net méi huele gelooss.

Nei däitsch Championne bei den Dammen ass d'Elisabeth Brandau, dat 0:59 Sekonne virum Judith Krahl an 3:11 Minutte virum Lisa Heckmann.

Schwäiz

Bei den Häre geet den Titel an der Schwäiz un den Timon Rüegg. Fir hie stoung no enger knapper Stonn um Vëlo déi éischte Plaz, dat mat Ecarte vun 1:03 Minutt an 1:22 Minutt op de Kevin Kuhn an den Andri Frischknecht.

Nei Schwäizer Championne ass bei den Dammen d'Alessandra Keller. D'Coureuse huet sech mat engem grousse Virsprong vun 2:31 Minutten d'Victoire virum Rebekka Estermann geholl. Mat op de Podium huet et nach d'Meret Zimmerman mat engem Retard vu 4:33 Minutte gepackt.

Tschechien

An Tschechien huet sech de Michael Boros den Titel bei den Häre mat engem Ecart vu 15 Sekonnen op den Adam Toupalik geséchert. Déi drëtt Plaz ass hei un den Zdenek Stybar mat 42 Sekonne Retard gaangen.

Bei den Damme war d'Victoire fir d'Kristyna Zemanová, dat mat engem Ecart vun 1:13 Minutt op d'Nikola Noskova an 1:49 op d'Simona Spesná.

England

An England konnt sech de Cameron Mason den nationale Championstitel vun den Häre sécheren. Mat engem Ecart vun 1:16 Minutt koum hie virum Thomas Mein op déi 1. Plaz. Drëtten ass de Lewis Askey mat engem Retard vun 2:07 Minutte ginn.

Den Titel bei den Dammen ass dann nach un d'Anna Kay gaangen, dat mat 0:40 Sekonne virum Ella Maclean-Howell an 0:58 Sekonne virum Grace Inglis.