D'Marie Schreiber fiert zu Hoogerheide op eng exzellent 5. Plaz

© AFP
Bei der Generalprouf fir d'WM zu Tabor an Tschechien hat d'FSCL an de verschiddene Kategorien 8 Coureuren un den Depart geschéckt.
D'Marie Schreiber huet et bei den Dammen op eng exzellent 5. Plaz gepackt, dat mat engem Retard vu just 37 Sekonnen op d'Gewënnerin Fem van Empel. D'Hollännerin konnt sech virum Kata Blanka Vas aus Ungarn an hirer Landsfra Lucinda Brand behaapten. Am Klassement vun den Espoirinnen ass d'Marie Schreiber iwwerdeems hannert dem Zoe Backstedt op Plaz 2 komm. Mam Liv Wenzel ass déi aner Lëtzebuergerin als 42. iwwer d'Zillinn gefuer, dat mat engem Réckstand vu 6 Minutten a 5 Sekonnen op d'Fem van Empel.
No e puer honnert Meter war d'Marie Schreiber un der Spëtzt vun der Course, ass awer nach am éischten Tour vun enger Rei Konkurrentinnen aus der Elite-Kategorie iwwerholl ginn. Wann déi zwou Hollännerinne van Empel a Brand sech un der Spëtzt attackéiert hunn, huet d'Schreiber ëmmer e puer Sekonne verluer. Ma wéi den Tempo dunn nees gefall ass, konnt d'Lëtzebuergerin nees opschléissen, och mat der Hëllef vun hirer Coequipière Kata Blanka Vas. D'Ungarin konnt sech dunn am Spëtzegrupp festsetzen, wärend d'Espoire-Europameeschterin Zoe Backstedt d'Marie Schreiber nach am leschten Tour iwwerhuele konnt a sech domat d'Victoire an der U23-Kategorie séchert.
No der Course huet sech d'Marie Schreiber ganz zefridde mat hirer Leeschtung gewisen a gemengt, datt et eng vun de beschte Courssen an der Saison gewiescht wier. De ganzen Interview mat der Lëtzebuerger Championne fannt Dir hei.
Bei der Hären-Elite gouf et zu Hoogerheide och en hollännesche Podium. De Mathieu van der Poel konnt sech mat enger Avance vu 5 respektiv vu 9 Sekonne virum Joris Nieuwenhuis an dem Pim Ronhaar behaapten.
Bei de Juniore ware mam Jonah Flammang-Lies, dem Yannis Lang, dem Rick Meylender, dem Lennox Papi an dem Lenn Schmitz fënnef Coureuren um Depart. De Rick Meylender ass mat engem Retard vun 3:36 Minutten als 42. iwwer d'Zillinn gefuer komm a war domat beschte Lëtzebuerger. De Yannis Lang, de Jonah Flammang-Lies an de Lenn Schmitz sinn op d'Plaze 54, 55 a 57 komm, iwwerdeems de Lennox Papi d'Course net op en Enn gefuer ass.
Mam Gwen Nothum war och bei de Juniorinnen eng FSCL-Athletin selektionéiert. D'Nothum ass mat engem Réckstand vu 6 Minutten an 18 Sekonnen op déi 40. Plaz gefuer.
Déi lëtzebuergesch Vëlosfederatioun wäert elo d'Selektioun fir d'WM maachen, déi den nächste Weekend zu Tabor an Tschechien gefuer gëtt. D'Decisioun gëtt dann en Dënschdeg op enger Pressekonferenz public gemaach.
D'Course vun den U23-Damme bei der WM kënnt Dir e Sonndeg, de 4. Februar vun 12.35 Auer u live op RTL suivéieren. Bei der EM hat d'Marie Schreiber sech hannert dem Zoe Backstedt Sëlwer geséchert.
D'Top 10 bei den Dammen
1 VAN EMPEL Fem 46:48
2 VAS Blanka Kata +0:01
3 BRAND Lucinda +0:10
4 BACKSTEDT Zoe +0:24
5 SCHREIBER Marie +0:37
6 VERDONSCHOT Laura +1:02
7 CANT Sanne +1:12
8 PIETERSE Puck +1:14
9 ZEMANOVA Kristyna +1:18
10 HOLMGREN Isabella +1:22
...
42 WENZEL Liv +6:05
D'Top 10 bei den Hären
1 VAN DER POEL Mathieu 1:02:57
2 NIEUWENHUIS Joris +0:05
3 RONHAAR Pim +0:09
4 NYS Thibau ,,
5 ISERBYT Eli ,,
6 WYSEURE Joran +0:21
7 VAN DER HAAR Lars +0:28
8 VENTURINI Clément +0:38
9 ORTS LLORET Felipe +0:45
10 RÜEGG Timon +0:56