Déi 20 Joer al Lëtzebuergerin ass e Sonndeg beim Cyclocross-Weltcup zu Hoogerheide an Holland op déi staark 5. Plaz gefuer.

No der Course huet sech d'Marie Schreiber erfreet iwwert hir Leeschtung gewisen an d'Course als eng vun de beschten an dëser Saison bezeechent.

Virun där imposanter Kuliss zu Hoogerheide kënne mam rout-wäiss-bloen Trikot ganz vir matzefueren, huet der Lëtzebuergerin grousse Spaass gemaach. Um Enn hat d'Marie Schreiber e Retard vun nëmme 37 Sekonnen op d'Gewënnerin Fem van Empel aus Holland. Bei den U23-Damme war et déi zweet Plaz hannert dem Zoe Backstedt, der grousser Favoritin op d'WM-Goldmedail. Dat konnt si dës Woch gutt verkraaften, well d'nächst Woch bei der WM wier d'Course déi zielt, sou d'Marie Schreiber.

No der Sëlwermedail bei der EM am Hierscht 2023 huet d'Marie Schreiber dat kloert Zil, fir bei der WM op de Podium ze fueren. No der Leeschtung vun e Sonndeg schéngt d'Form ze stëmmen. Fir den nächste Weekend an enger beschtméiglecher Verfassung um Depart ze stoen, steet elo net méi den Training am Fokus. Vill méi wier et déi nächst Deeg wichteg, fir gutt ze Recuperéieren an den néidege Fine-tuning ze maachen, fir d'Form nach e bëssen ze verbesseren a sech op d'Konditiounen zu Tabor anzestellen, sou d'Marie Schreiber am Interview.

No de Resultater an dëser Saison ass den Titel duerchaus méiglech, ma d'Lëtzebuergerin wëll sech do net ze vill Gedanke maachen, wëll d'Course wéi all aner huelen a sech am Virfeld net ze vill Drock maachen.

Wéi eng Placéierung um Enn fir d'Marie Schreiber bei der WM wäert eraussprangen, dat kënnt Dir e Sonndeg live op RTL suivéieren. D'Course vun den U23-Dammen gëtt um 12.35 Auer gestart.