"Als Leader an eng Course ze goen ass natierlech och eppes Neies fir mech"
"Jo, et war am Fong schonn de Plang", wann e Coureur dat no enger Course ka soen a se gewonnen huet, ass alles perfekt gelaf.
De Kevin Geniets huet laang missen op dëse Succès waarden. Ma nom Trainingslager zu Teneriffa huet d'Form gepasst: "Jo, ech hu mech extreem gutt gespuert zu Teneriffa. Den Training war optimal verlaf a voilà, da spiert een, dass alles gutt ass, mee et bleift een dann och roueg, fir net ze vill ze maachen, wat dann oft och de Feeler ass, wann s Dech zegutt spiers."
De Coureur vu 27 Joer fiert elo fir den Ufank vun der Saison virop Coursen a Frankräich. D'Ekipp hätt vun Ufank u gesot, dass de Kevin Geniets op ville vun deene Coursen kéint als Leader fueren: "Dat ass natierlech och eppes Neies fir mech, esou am Viraus dat ze wëssen an dorobber hinzeschaffen."
Den éischte grousse Rendezvous fir de Lëtzebuerger gëtt Paris-Nice.