Natierlech dréint sech fir d'Cyclocross-WM villes ëm d'Marie Schreiber.

D'Lëtzebuerger Championne huet an der U23-Kategorie vun den Dammen d'Chance op eng Medail. Do wëll een och als Federatioun sou gutt wéi méiglech upaken an organiséieren. Et géing ee  probéieren, fir de Coureuren en Ëmfeld ze schafen, wou se sech esou gutt wéi méiglech op hir Course konzentréiere kënnen. Op Grond vun de Medailechancë fir d'Marie Schreiber hätt een dëst Joer awer versicht, fir nach eng Kéier eppes dropzeleeën, sou de Christian Helmig, Directeur Technique vun der FSCL.

Eng WM zitt natierlech och ëmmer vill Spectateuren un, dat mécht d'Sich no engem Hotel net méi einfach. Fir de Christian Helmig hätt een do awer eng gutt Léisung fonnt an och wann dësen elo eng 30 Kilometer vum Parcours ewech wier, wier dat kee Probleem, well just an zwou Coursse Lëtzebuerger engagéiert wieren an dat da logistesch gutt machbar wier.

De ganzen Interview mam Christian Helmig
Den Directeur Technique vun der FSCL huet och nach iwwert d'Nowuessaarbecht bei der FSCL geschwat.

Bei den U23-Damme geet nieft dem Marie Schreiber och d'Liv Wenzel un den Depart. An dat mat Ambitiounen. D'Lëtzebuerger Espoire-Championne setzt sech eng Top 15 als Zil. Nodeems d'Liv Wenzel beim internationale Cross vu Péiteng op déi 5. Plaz gefuer war, huet déi 20 Joer jonk Sportlerin et zu Zonnebeke an der Belsch eng Woch drop nach emol bewisen, datt si a gudder Form ass. Um Enn war et hei déi gutt 4. Plaz mat nëmmen e puer Sekonne Retard op d'amerikanesch Championne Clara Honsinger.

Den Interview mam Liv Wenzel
D'Lëtzebuerger Espoire-Championne setzt sech eng Top 15 als Zil.

Bei de Juniore sti mam Rick Meylender, dem Yannis Lang an dem Jonah Flammang 3 Coureuren an der Startlëscht. De Rick Meylender konnt sech beim internationale Cross zu Péiteng géint eng staark international Konkurrenz duerchsetzen an huet sécher op Grond vu senge Resultater déi bescht Chancen op e gutt Klassement. Fir de Yannis Lang an de Jonah Flammang geet et drëms, fir wichteg Erfarungen ze sammelen.

Den Interview mam Rick Meylender
De Champion bei de Junioren huet sech eng Top 25 als Zil gesat.

D'Course vun den U23-Dammen kënnt Dir e Sonndeg vun 12.30 Auer u live op der Tëlee an op RTL.lu kucken. Op RTL.lu fannt Dir och all d'Resultater vun de Lëtzebuerger.