E Sonndeg ware 5 Lëtzebuerger bei der Cyclocross-WM zu Tabor an Tschechien um Depart.

No hire staarke Leeschtungen an dëser Cyclocross-Saison huet d'Marie Schreiber e Sonndeg bei der WM zu Tabor an Tschechien eng Medail an der U23-Course verpasst. D'Lëtzebuerger Championne huet sech misse mat der 5. Plaz zefridde ginn. Am RTL-Interview huet sech d'Marie Schreiber no der Course enttäuscht gewisen, datt si hir Leeschtung net zu 100 Prozent konnt ofruffen.

D'Zoe Backstedt huet hire Weltmeeschtertitel op eng impressionant Aart a Weis verdeedegt. D'Brittin ass sech séier eng grouss Avance op hir Konkurrentinnen erausgefuer an ass gefillt iwwert de Parcours mat vill Bulli geflunn.

Op der Arrivée hat si eng Avance vu 44 Sekonnen op d'Tschechin Kristyna Zemanova a 55 Sekonnen op d'Hollännerin Leonie Bentveld. D'Marie Schreiber louch déi ganz Course op der 4. Plaz, huet op de leschte Meter nach missen eng Konkurrentin laanscht loossen, sou datt si als Fënneft e Retard vun enger Minutt an 42 Sekonnen hat.

Déi zweet Lëtzebuergerin an der Course, d'Live Wenzel, ass déi 19. ginn op 5 Minutten a 40 Sekonnen.

D'Course vun den U23-Dammen am Replay
D'Zoe Backstedt huet de Weltmeeschtertitel verdeedegt, d'Marie Schreiber huet als Fënneft eng Medail verpasst.

D'Top vun den U23-Dammen

RTL

© Screenshot

Ricky Meylender beschte Lëtzebuerger Junior

Bei de Juniore geet den Titel un den Italieener Stefano Viezzi. Hien huet sech mat enger Avance vun 9 Sekonnen op den Hollänner Keije Solen behaapt. Bronze ass un den Tschech Krystof Bazant gaangen. Hien hat e Réckstand vun 31 Sekonnen. De Rick Meylender ass de 37. op 5 Minutten a 47 Sekonnen ginn, de Yannis Lang den 43. op 6 Minutten a 16 Sekonnen an de Jonah Flammang den 58. op 7 Minutten a 40 Sekonnen.