E Mëttwoch gouf et beim Klassiker "A travers la Flandre" eng Victoire vum Matteo Jorgenson, iwwerdeems aner Favoritten an eng uerg Chute verwéckelt waren.

Knapp 80 Kilometer virun der Arrivée ass d'Vitess am Peloton däitlech an d'Luucht gaangen, dat ënnert anerem ënnert dem Impuls vum Alex Kirsch. Lidl-Trek a Jumbo hunn do nämlech ferm an d'Pedalle gedréckt. Deen Ament ass net nëmmen de Peloton méi kleng ginn, mee och de Spëtzegrupp huet séier un Avance verluer.

Méi spéit, eng 65 Kilometer virun der Arrivée, gouf et am Grupp vun de Favoritten eng uerg Chute, wou ënnert anerem de Wout van Aert, de Mads Pedersen, de Jasper Stuyven, den Alex Kirsch an de Biniam Girmay gefall sinn.

Chute bei A travers la Flandre
Ënnert anerem waren de Wout van Aert an de Lëtzebuerger Champion an d'Chute verwéckelt.

An der Suite konnte sech de Stefan Küng, de Matteo Jorgenson, den Tiesj Benoot, de Stefan Bissegger, den Alberto Bettiol an den Joshua Tarling ofsetzen an hu sech op d'Poursuite vum Spëtzegrupp gemaach. Knapp 40 Kilometer virun der Arrivée gouf d'Echappée dunn och ageholl.

Den Alberto Bettiol huet 20 Kilometer viru Schluss wéinst engem Krämpche misse lassloossen. Dono gouf et ëmmer nees Attacken un de Spëtzt, ma déi decisiv koum eréischt 7 Kilometer virun der Arrivée vum Matteo Jorgenson.

Den US-Amerikaner konnt sech um Enn mat 29 Sekonnen Avance virum Jonas Abrahamsen a Stefan Küng duerchsetzen.

E Mëttwoch den Owend koum d'Info, datt sech den Alex Kirsch d'Hand gebrach huet an d'Ekipp vum Wout van Aert huet matgedeelt, datt sech de Belsch d'Schlësselbeen an e puer Rëpper gebrach huet.

Bei den Dammen huet sech d'Marianne Vos behaapt. D'Hollännerin hat sech zesumme mat hirer Landsfra Shirin van Anrooij ofgesat an hat dës dunn am Sprint geklappt. Mat engem Réckstand vun 20 Sekonnen ass d'Italienerin Letizia Paternoster déi Drëtt ginn. Eng gutt Leeschtung huet d'Lëtzebuergerin Nina Berton gewisen. Si hat als 21. e Réckstand vun 51 Sekonnen.

D'Top 10 vun den Hären am Iwwerbléck

1 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike
2 ABRAHAMSEN Jonas Uno-X Mobility 0:29
3 KÜNG Stefan Groupama - FDJ ,,
4 BENOOT Tiesj Team Visma | Lease a Bike ,,
5 DE BONDT Dries Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
6 TARLING Joshua INEOS Grenadiers 0:44
7 MILAN Jonathan Lidl - Trek 1:47
8 VALGREN Michael EF Education - EasyPost ,,
9 NORSGAARD Mathias Movistar Team ,,
10 GACHIGNARD Thomas TotalEnergies ,,

D'Top 10 vun den Dammen am Iwwerbléck

1 VOS Marianne Team Visma | Lease a Bike 3:17:34
2 VAN ANROOIJ Shirin Lidl - Trek ,,
3 PATERNOSTER Letizia Liv AlUla Jayco 0:20
4 KOPECKY Lotte Team SD Worx - Protime ,,
5 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck ,,
6 LONGO BORGHINI Elisa Lidl - Trek ,,
7 CONSONNI Chiara UAE Team ADQ 0:51
8 SIERRA Arlenis Movistar Team ,,
9 BRAND Lucinda Lidl - Trek ,,
10 DE WILDE Julie Fenix-Deceuninck ,,
...
21 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 0:51