Lass goung et fir de Luc Scholtes e Mëttwoch de Moie vu Wolz iwwer 245 Kilometer Richtung Tournai an der Belsch.

E Samschdeg gëtt am internationale Futtball d'Champions League Finall gespillt. Am Wembley Stadion zu London kritt et Borussia Dortmund mat Real Madrid ze dinn. Fir seng Ekipp beschtméiglech ze ënnerstëtzen a Sue fir e gudden Zweck ze sammelen, huet sech ee Supporter vum BVB eppes Besonnesches afale gelooss. De Luc Scholtes fiert mam Vëlo vu Wolz bis op London.

520 Kilometer an 3.500 Héichtemeter bannent dräi Deeg. An nee, net mam Auto oder dem Fliger, mee mam Vëlo. Dat ass de Plang vum Luc Scholtes. De President vum Lëtzebuerger Fanclub vu Borussia Dortmund ass schonn zanter Kandheetsdeeg Supporter vun de Giel-Schwaarzen. Säi grousse Wonsch war et schonn ëmmer, mam Vëlo an de Stadion ze fueren. D'Iddi ass him scho relativ fréi an dëser Fussballsaison komm.

RTL

© Sam Rickal / RTL

Natierlech geet et dem Luc Scholtes drëm seng Ekipp sur place am Wembley ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg wëll de passionéierte Cyclist awer och eppes fir de gudden Zweck maachen. An Zesummenaarbecht mat "Well:fair", der Stëftung vum fréieren BVB-Spiller Neven Subotic, sammelt hie Suen, fir de Mënschen an Afrika den Zougang zu Waasser ze erméiglechen.

Geplangt sinn dräi Etappen. Lass goung et fir de Luc Scholtes e Mëttwoch de Moie vu Wolz iwwer 245 Kilometer Richtung Tournai an der Belsch. Iwwer Calais soll de President vum Lëtzebuerger BVB Fanclub dann e Samschdeg virum Wembley ukommen.

De Luc Scholtes hofft op déi éischt Victoire vum BVB an der Champions League zanter 1997. Ob dëst geléngt, gi mir dann e Samschdeg den Owend gewuer. Bei eis um RTL Zwee an um RTL.lu kënnt Dir wéi gewinnt live mat dobäi sinn.

Alleguer d'Informatiounen zum Projet vum Luc Scholtes fannt Dir op www.bike4water.lu.

RTL

© Sam Rickal / RTL