No enger e bësse méi flaacher Etapp e Méindeg, war en Dënschdeg net onbedéngt eng Etapp, bei där d'Sprinter sech eng Chance ausrechne konnten.

De Grand Depart an Italien ass mat der véierter Etapp definitiv op en Enn gaangen, dat mat 139,6 Kilometer aus dem italieenesche Pinerolo op Valloire a Frankräich. Um Wee louch e sauere Parcours mat zwou Montéeë vun der 2. Kategorie an dem Col du Galibier, engem Bierg Hors Catégorie.

Fir d'éischt war et awer un der Echappée vum Dag an och de Kevin Geniets huet et no enger Attack vum Mads Pedersen probéiert. De Pedersen krut dann och d’Punkte fir den Tëschesprint, wärend d'Echappée mam Kevin Geniets scho kuerz virdrun agefaange gouf. De Lëtzebuerger gëtt dann op der 4. Etapp den 90. mat 20 Minutten a 44 Sekonne Retard op de Gewënner.

Duerch de Piemont huet sech kuerz drop e 17 Mann staarke Spëtzegrupp ewechgemaach. Dorënner och 7 franséisch Coureure mat bekannten Nimm, wéi David Gaudu a Warren Barguil. Knapp dräi Minutte maximal Avance krut de Spëtzegrupp iwwer Sestrières. Nom Col de Montgenèvre gouf et eng kleng Descente, mee du goung et iwwert de Lautarét op de Col du Galibier bis op 2.642 Meter Héicht.

De Richard Carapaz am Maillot Jaune, den Tadej Pogacar, de Remco Evenepoel an de Jonas Vingegaard waren hei beieneen. Wat fir eng Konstellatioun virum grousse Schaffsriichter vun dëser 4. Etapp: 25 Kilometer laang, 5,1 Prozent Steigung an der Moyenne mat engem Sommet op deem 2011 den Andy Schleck d’Äerm gehuewen huet: De Col du Calibier.

Am Galibier ass net nëmmen d'Echappée auserneegeflunn, mee hannendrun hunn Emirates, Visma an och Décathlon en héijen Tempo ugeschloen, esou datt si an der Montée och nach de Lazano vu Movistar agefaangen hunn, dee leschte Coureur, dee vun der Echappée iwwreg war. Kuerz virdrun huet awer schonn de Maillot Jaune Carapaz misse lassloossen. Dono waren et staark Grimpeuren ewéi Bernal, Mas, Gall, Ciccone, Buitrago, déi net méi mathale konnten.

Aacht Coureure un der Spëtzt sinn dem Sommet ëmmer méi no komm. Roglic, Landa, Rodiguez, Almeida, Ayuso an Evenepoel hunn awer bei der Attack vum Tadej Pogacar 900 Meter virum Sommet misse sëtzebleiwen. An enger éischter Phas ass just de Jonas Vingegaard nogaangen. An der Descente huet de Pogacar awer d'Differenz gemaach, well hie verschidde Risike geholl huet. Um Enn huet den zweefache Champion vum Tour déi 4.Etapp gewonnen, 35 Sekonne virun engem Grupp ugefouert vum Remco Evenepoel an dem Juan Ayuso. Domadder ass den Tadej Pogacar no engem Dag Paus virun Evenpoel a Vingegaard erëm am Maillot Jaune. De Bob Jungels kënnt mat 11 Minutten a 44 Sekonne Retard als 49. iwwer d'Arrivée a läit am General op Positioun 54. De Kevin Geniets ass den 73.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 3:46:38
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:35
3 AYUSO Juan UAE Team Emirates ,,
4 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
5 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:37
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers ,,
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 0:53
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
9 CICCONE Giulio Lidl - Trek 2:41
10 BUITRAGO Santiago Bahrain - Victorious ,,
...
49 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 11:44
90 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 20:44

General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 19:06:38
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:45
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:50
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:10
5 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:14
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:16
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 1:32
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,, 
9 CICCONE Giulio Lidl - Trek 3:20
10 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 3:21
...
54 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 32:38
73 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 47:02