En Donneschdeg ass et op der 6. Etapp vum Tour de France iwwer flaach 163 Kilometer vu Mâcon op Dijon gaangen.

Op der 6. Etapp konnt sech den Dylan Groenewegen virum Biniam Girmay duerchsetzen. De Jasper Philipsen, deen als 2. iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer war, gouf wéinst sengem geféierleche Fuerstil op déi 107. Plaz zeréckversat. De Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer d'Arrivée gefuer.

Leader am General bleift den Tadej Pogacar. De Bob Jungels ass de 54. an de Kevin Geniets den 72..

Dylan Groenewegen wënnt déi 6. Etapp am Sprint.
Kuckt de Sprint am Replay.

Schonns virun der Etapp war kloer, datt d‘Sprinter sech Geleeënheet net géifen entgoe loossen, fir sech op der Arrivée ze behaapten. Den Terrain war nämlech predestinéiert fir si. 
 
Kuerz virum Sommet vun der eenzeger klenger Schwieregkeet vum Dag konnte sech den Norweger Jonas Abrahamsen an de Fransous Axel Zingle vum Peloton ofsetzen. Den Abrahamsen huet sech uewen um Col du Bois Clair nach ee Punkt fir de Biergpräis geholl an domadder an deem Klassement seng Avance ausgebaut. Kuerz drop goufe béid Coureure vum Peloton agefaangen. Den eenzegen Tëschesprint vum Dag war no 32 Kilometer fir de Jasper Philipsen.
 
D'Vitesse am Peloton ass héich bliwwen an d‘Attacke sinn doduercher ausbliwwen. Eng 10 Kilometer virun der Arrivée, hunn d‘Ekippe vun de Sprinter ugefaangen, d'Course ze geréieren an d'Leit mat den décke Been a Positioun ze bréngen. An déi séierst Been hat um Enn den Dylan Groenewegen.
 
Am General bleift un der Spëtzt alles onverännert: Den Tadej Pogacar behält 45 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel. De Bob Jungels ass de 54. op iwwer 32 Minutten an de Kevin Geniets den 72. op iwwer 47 Minutten. 
 
Um Freideg steet een Zäitfueren iwwer 25 Kilometer um Programm.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat vun der Etapp

1 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla 3:31:55
2 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty ,,
3 GAVIRIA Fernando Movistar Team ,,
4 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
5 DE LIE Arnaud Lotto Dstny ,,
6 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike ,,
7 DÉMARE Arnaud Arkéa - B&B Hotels ,,
8 KRISTOFF Alexander Uno-X Mobility ,,
9 ACKERMANN Pascal Israel - Premier Tech ,,
10 ALLEGAERT Piet Cofidis ,,
...
74 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 0:00
95 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 26:47:19
2 EVENEPOEL Remco Soudal Quick-Step 0:45
3 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:50
4 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:10
5 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 1:14
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 1:16
7 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 1:32
8 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
9 CICCONE Giulio Lidl - Trek 3:20
10 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 3:21
...
54 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 32:38
72 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 47:02