
Déi 6. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes ass iwwer 182,3 Kilometer gaangen. No jee engem Col vun der drëtter an der zweeter an zwee Collë vun der éischter Kategorie konnt sech um Enn de Maxim van Gils behaapten. Op der Arrivée zu Crest-Voland hat hie géint de Johannessen déi besser Been am finale Sprint.
De Peloton ronderëm de Leader Alex Baudin war mat ronn 5 Minutte Retard an déi zwou lescht Montéeë vum Dag gaangen. De Maillot ass op de leschte 4 Kilometer a Schwieregkeete geroden, grad esou wéi den Zweetplazéierte Kévin Vauquelin, nodeems de Paul Seixas den Tempo ugezunn hat. Sou konnt den Australier Luke Tuckwell, deen e Freideg op 6 Sekonnen den Drëtte ginn ass, de gielen Trikot iwwerhuelen. Neien Zweeten am General ass de Fransous Bruno Armirail viru sengem Landsmann Guillaume Martin Guyonnet.
Fréi an der Etapp hat sech eng Echappée vu ronn 60 Coureuren dovu gemaach. Bis ronn 20 Kilometer viru Schluss war do de Mathieu Kockelmann mat dran. Um Enn klasséiert hie sech als 90. an hat e Retard vun 20 Minutten an 31 Sekonnen op de Vainqueur vum Dag.
Den aner Lëtzebuerger am Feld, de Kevin Geniets, huet am Laf vun dëser 6. Etapp mussen opginn.
E Samschdeg wäert mat der 7. Etapp eng weider Biergetapp um Programm stoen, wann et vu La Bridoire iwwer 133,6 Kilometer op de Grand Colombier wäert goen. Hei op RTL wäerte mir Iech déi Etapp vun 14:40 Auer u live op RTL Tëlee Lëtzebuerg an op RTL Play iwwerdroen.