An der olympescher Vëloscourse huet de Remco Evenepoel Gold gewonnen, dat viru Madouas a Laporte. De Lëtzebuerger ass de 40. op ronn 7 Minutten.

Wéi de Remco Evenepoel d'Course knapp 35 Kilometer virun Enn esou richteg lancéiert huet, hätt et dem Alex Kirsch e bëssen un de Been gefeelt.
 
De Lëtzebuerger ass eigentlech zefridde mat senger Course an awer huet eng Chute hien e bëssen aus dem Konzept bruecht:
 
"Ech hu scho weider dru gegleeft, dass ech gutt ka fueren an hu probéiert mech erëm an d' Kurs ze bréngen. An dat hunn ech och gepackt. Schlussendlech ass dee schwéiere Moment, do feelt e klenge Prozent fir an deem Grupp do mat dran ze bleiwen."
 
Duerch e Fuerfeeler vun engem anere Coureur wier hien 120 Kilometer virun der Arrivée gefall, wat genee geschitt ass, kann hien net soen.
 
Et waren déi éischt Olympesch Spiller fir den Alex Kirsch, woumat e groussen Dram fir hien an Erfëllung gaange wier. 
 
"Ech wier gäre vum Resultat hier besser gefuer, mee schlussendlech gëtt et kee Moment, wou ech hätt kënnen et besser maachen. Also muss ech zefridde sinn."
 
D’Ambiance am Olympeschen Duerf wier extrem flott gewiescht a grad och de Kontakt mat anere Sportler huet dem Lëtzebuerger gutt gefall. Och dës Course kënnen ze fueren, wier enorm gewiescht an de Parcours hält hien a gudder Erënnerung.