De Coureur vum Team Alpecin huet sech am Sprint knapp géint de Wout van Aert duerchgesat. De Ben O'Connor (Décathlon) bleift Leader am General.

Um Samschdeg gouf an der Vuelta déi längst Etapp gefuer. Iwwer 200,4 Kilometer goung et vu Villafranca del Bierzo op Villablino.

Gewonne gouf d'Course vum Kaden Groves. Hien hat d'Nues am Sprint ganz knapp virum Wout van Aert (Team Visma | Lease a Bike) vir. De Podium gouf vum Corbin Strong (Israel - Premier Tech) komplettéiert.

Am General gouf et keng Changementer. Eng kleng Schrecksekonn gouf et fir de Primoz Rgoglic an der leschter Descente. 14 Kilometer virun der Arrivée hat hie Problemer mam Velo. Hien ass an der Schlussphas awer nees an de Peloton eragefuer. Leader am General bleift de Ben O'Connor (Red Bull - BORA - hansgrohe).

D'Etapp gouf vun enger Echappée vu sechs Coureure gepräägt. Mat dobäi waren ë.a. de Campenaerts an den Tejada. An der leschter Montée vum Dag, engem Bierg vun der 1. Kategorie, ass de Grupp awer ausernee gefall an de Peloton huet all Coureuren ageholl. An der leschter Descente konnt sech kee méi ofsetzen an et koum zu engem Massesprint. Dee gouf vum Kaden Groves gewonnen.

D'Klassement vun der Etapp

1 GROVES Kaden Alpecin - Deceuninck 4:21:34
2 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike ,,
3 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
4 VACEK Mathias ,,
5 MIQUEL Pau Equipo Kern Pharma ,,
6 BARONCINI Filippo UAE Team Emirates ,,
7 GUGLIELMI Simon Arkéa - B&B Hotels ,,
8 LIVYNS Arjen Lotto Dstny ,,
9 BERASATEGI Xabier Euskaltel - Euskadi ,,
10 CANAL Carlos Movistar Team,, 

De General

1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 56:31:49
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe +1:21
3 MAS Enric Movistar Team +3:01
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost +3:13
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step +3:20
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers +4:12
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe +4:29
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team +4:42
9 GAUDU David Groupama - FDJ +4:44
10 YATES Adam UAE Team Emirates +5:17