Déi 15. Etapp vun der Vuelta hat et a sech. Zwee Bierger vun 1. Kategorie an een hors catégorie hunn op d'Coureure gewaart.

Op der nächster schwéierer Biergetapp vun der dësjäreger Vuelta goung et iwwer 143 Kilometer vun Infiesto op Valgrande-Pajares Cuitu Negru.

Et war eng Course, déi vu villen Echappéeë gepräägt war. Eng Echappée vu 5 Coureure war als éischt an de leschte Bierg gaangen, dee sech iwwer bal 20 Kilometer gezunn huet an eng Steigung vun duerchschnëttlech 7,1 % hat. Déi lescht Pont hat souguer 24 %. D'Echappée hat am Ufank vum Bierg eng Avance vun 3 Minutten op de Peloton mam Maillot rouge.

D'Grupp huet sech wärend der Montée an zwee gespléckt an et waren de Castrillo, de Sivakov an de Vlasov, déi zesummen op déi lescht Kilometer gaange sinn. De Castrillo huet seng Géigner 3 Kilometer virun der Arrivée stoe gelooss an huet d'Course uewen um Cuitu Negru gewonnen. Et ass seng zweet Victoire bei dëser Vuelta. De Vlasov konnt nach eng Kéier un de Castrillo erukommen, hat awer net méi genuch Energie, fir hien ze iwwerhuelen. De gebiertege Russ gouf Zweeten, de Sivakov Drëtten.

Hannen am Peloton huet de Primoz Roglic attackéiert an dem Ben O'Connor am General eng Rëtsch Sekonnen ofgeholl. No sengem Solo gouf de Sloween hannert dem Enric Mas Fënneften. De Ben O'Connor gouf Eeleften a verléiert 40 Sekonnen op de Roglic, bleift awer am roude Maillot.

De Primoz Roglic krut nodréiglech eng Zäitstrof vun 20 Sekonnen, well hien ze laang am Wandschied vum Teamauto gefuer war.

D'Lëtzebuerger Michel Ries a Kevin Geniets sinn net méi dobäi.

Klassement vun der Etapp

1 Pablo Castrillo Zapater 03h 45' 51"
2. Aleksandr Vlasov + 00' 12"
3. Pavel Sivakov + 00' 31"
4. Enric Mas + 01' 04"
5. Primoz Roglic + 01' 04" (+ Zäitstrof vun 20 Sekonnen)
6. Mattias Skjelmose + 01' 09"
7. Richard Carapaz + 01' 13"
8. Sepp Kuss + 01' 22"
9. Mikel Landa + 01' 27"
10. David Gaudu + 01' 37"

Generalklassement

1 Ben O'Connor 60h 19' 22"
2 Primoz Roglic + 01' 03"
3 Enric Mas + 02' 23"
4 Richard Carapaz + 02' 44"
5 Mikel Landa + 03' 05"
6 Florian Lipowitz + 04' 33"
7 David Gaudu + 04' 39"
8 Carlos Rodriguez + 04' 40"
9 Mattias Skjelmose + 04' 51''
10 Pavel Sivakov + 05' 12"