De Lëtzebuerger Coureur hat déi éischt Woch Probleemer mat der grousser Hëtzt. No weider schwéiere leschten Deeg huet hien d'Course opginn.

Op der 12. Etapp vun der Vuelta ka sech en Donneschdeg no 137,3 Kilometer de Spuenier Pablo Castrillo duerchsetzen. Et ass déi éischt spuenesch Victoire zanter dem Ufank vun dëser Editioun. Den 23 Joer ale Coureur huet aus der Echappée eraus och seng éischt Course bei de Profie gewonnen. Op der Arrivée zu Estacion Montaña de Manzaneda, engem Bierg vun der éischter Kategorie, hat hien eng Avance vun 8 Sekonnen op de jonke Britt Max Poole. Déi 3. Plaz war fir de Marc Soler.

De Peloton vun der Favoritten hat e Retard vu 6 Minutten an 29 Sekonnen. Am Generalklassement bleift de Ben O'Connor den Éischten. D'Plazen 2 an 3 sinn onverännert fir de Primoz Roglic (+3:16 Minutten) an den Enric Mas (+3:58 Minutten).

De Michel Ries ass en Donneschdeg als 70. op 13 Minutten 51 ukomm. Am General ass hien den 61. op iwwer eng Stonn. De Kevin Geniets huet d'Course aus gesondheetleche Grënn missen opginn.

D'Klassement vun der Etapp

1 CASTRILLO Pablo Equipo Kern Pharma 3:36:12
2 POOLE Max Team dsm-firmenich PostNL 0:08
3 SOLER Marc UAE Team Emirates 0:16
4 SCHMID Mauro Team Jayco AlUla 0:23
5 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers 0:34
6 VANSEVENANT Mauri Soudal Quick-Step 0:40
7 TEJADA Harold Astana Qazaqstan Team 0:49
8 VERONA Carlos Lidl - Trek 1:03
9 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty 1:14
10 RODRÍGUEZ Óscar INEOS Grenadiers 1:52
...
70 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 13:51
DNF GENIETS Kevin Groupama - FDJ -

De General

1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 47:37:35
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 3:16
3 MAS Enric Movistar Team 3:58
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 4:10
5 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 4:40
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 5:23
7 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 5:29
8 YATES Adam UAE Team Emirates 5:30
9 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 BENNETT George Israel - Premier Tech 5:46
...
61 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 1:14:36