Dëse Vëlostour ass nom zweefache lëtzebuergesche Gewënner vum Giro d'Italia a vum Vainqueur vum Tour de France 1958 benannt.

Den ACC Contern huet e Sonndeg déi 34. Editoun vun der Cyclosportive Charly Gaul organiséiert. Eng ganz Rei bekannt Lëtzebuerger Gesiichter, ob Nowuesstalenter oder gestane Coureuren, haten et sech net huele gelooss, fir mat um Depart ze sinn. Dorënner d'Christine Majerus, fir déi déi lescht Courssen an hirer Karriär um Plang stinn.

Zu Éiere vum Engel vun de Bierger, wéi de Charly Gaul genannt gouf, goung déi dësjäreg Editioun wärend den 149 Kilometer vill biergop. Mat Depart an Arrivée zu Iechternach, duerch d'Éislek an de Mëllerdall, haten d'Coureuren e flotte Programm um Menü.

Um Enn hu sech véier Lëtzebuerger no 149 Kilometer an den Top 7 erëmfonnt. De Charel Meyers huet no 3 Stonne 44 Minutten an 19 Sekonne gewonnen. D'Christine Majerus war mat hirem Resultat als 52. net ganz zefridden, war awer frou, wéi all déi aner Coureuren, de Parcours bei 32 Grad hannert sech bruecht ze hunn.