Marie Schreiber fiert Course zu Hoogerheide net op en Enn
D'Victoire bei der leschter Manche vum Cyclocross-Weltcup war fir d'Lucinda Brand aus Holland.
D'Marie Schreiber ass déi lescht Manche vum Cyclocross-Weltcup zu Hoogerheide an Holland net op en Enn gefuer. D'Lëtzebuergerin huet am véierte vu fënnef Tier opginn. Am Wiessel ass si vum Vëlo geklommen. Op de Biller vun der Course war ze gesinn, datt sech d'Marie Schreiber d'Rëpper gehalen huet. D'Lëtzebuerger Championne war e Freideg am Virfeld vum Weltcup zu Maasmechelen an der Belsch gefall an hat sech d'Rëpper getéitscht.

Den Ament wou d'Marie Schreiber opginn huet / © Screenshot
Fir d'Marie Schreiber hat d'Course e Sonndeg och net gutt ugefaangen. Direkt nom Depart hat si zweemol e Probleem, fir duerch den déiwen a schwéier ze befuerene Circuit ze kommen, doduerch war si bis op déi 42. Plaz zeréckgefall. D'Lëtzebuerger Championne huet awer d'Rou behalen a konnt sech lues a lues ëmmer weider no vir schaffen. Tëschenduerch konnt si erëm an d'Top10 fueren. Am zweetleschten Tour huet si dunn opginn, deen Ament louch si an den Top15.
E Samschdeg war d'Marie Schreiber beim Weltcup zu Maasmechelen op déi 9. Plaz gefuer. D'Lëtzebuergerin war duerch e Platten ausgebremst ginn an hat och do d'Nowéie vun hirer Chute e Freideg gespuert.
D'Lucinda Brand huet sech zu Hoogerheide souverän d'Victoire geséchert. D'Hollännerin hat eng Avance vun 28 Sekonnen op d'Blanka Vas aus Holland. Als Drëtt ass d'Puck Pieterse iwwer d'Arrivée gefuer. D'Hollännerin huet sech schwéier gedoe mam Circuit an ass e puer Mol gefall. Si hat e Retard vun 38 Sekonnen.
D'Brand huet et dës Saison gepackt, fir bei all Weltcup op de Podium ze fueren. Dräi Mol stoung si ganz uewen um Podium. Si huet sech dann och de General vum Weltcup geséchert. Hei kënnt d'Marie Schreiber op déi 6. Plaz. Bei den Espoir-Dammen ass et um Enn déi zweet Plaz hannert dem Zoe Backstedt.
Wat d'WM ugeet, mécht sech d'Marie no de Resultater vum Weekend awer keng suerge. Am RTL-Interview huet si sech optimistesch gewisen, d'Form géing stëmmen.
Bei den Hären huet de Mathieu van der Poel seng zweet Victoire vum Weekend gefeiert. Den Hollänner huet sech virum Belsch Michael Vanthourenhout (+1:42 Minutten) an dem Hollänner Lars van der Haar (+1:57 Minutten) duerchgesat.
Bei de Juniore war de Lennox Papi de beschte Lëtzebuerger. Hien ass de 25. ginn an hat e Retard vun 2 Minutten an 51 Sekonnen op de Gewënner Benedikt Benz aus Däitschland. Fir de Jonah Flammang-Lies war et déi 36. Plaz op 3 Minutten an 59 Sekonnen.
Den nächste Weekend gëtt zu Liévin a Frankräich d'Cyclocross-WM gefuer. Op RTL kënnt dir d'Course vun den Espoir-Damme mam Marie Schreiber live kucken.
D'Klassement vun den Dammen
1 BRAND Lucinda Baloise Glowi Lions 47:47
2 VAS Blanka Kata 0:28
3 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck 0:38
4 VAN EMPEL Fem Visma-Lease a Bike 0:53
5 ALVARADO Ceylin Del Carmen Fenix-Deceuninck 1:31
6 BACKSTEDT Zoe 1:48
7 CASASOLA Sara Crelan - Corendon 1:57
8 VAN DER HEIJDEN Inge Crelan - Corendon 2:05
9 FOUQUENET Amandine 2:11
10 HOLMGREN Isabella 2:20
...
45 BARTHELS Maité 7:57
67 BARTHELS Layla -1 Tour