"Ech sinn optimistesch, meng Form ass do", sou d'Marie Schreiber

© FSCL / Hugo Barthelemy
D'Lëtzebuerger Championne war de Weekend beim Weltcup zu Maasmechelen déi 9. ginn an e Sonndeg hat si zu Hoogerheide opginn.
Fir d'Marie Schreiber war et de Weekend keng gegléckte Generalprouf en vue vun der Cyclocross-WM den nächste Weekend zu Liévin a Frankräich. D'Lëtzebuerger Championne war e Samschdeg bei der zweetleschter Manche vum Cyclocross-Weltcup op déi 9. Plaz gefuer an e Sonndeg huet si zu Hoogerheide bei der Finall opginn.
Eng Chute e Freideg am Training huet d'Marie Schreiber bei den zwou Courssen de Weekend beanträchteg. E Samschdeg wier et nach relativ gutt gaangen an et wier haaptsächlech de Platte gewiescht, deen eng besser Placéierung verhënnert hätt. E Sonndeg hätt se d'Nowéien du richteg gespuert. "De Moie sinn ech opgestanen an ech hat d'Gefill, mäi ganze Kierper ass einfach ee Muskelkrampf. Ech hunn nach geduecht, iergendwéi geet et."
D'Course zu Hoogerheide huet fir d'Lëtzebuerger Championne awer direkt net gutt ugefaangen. Duerch eng Chute op den éischte Meteren ass si bis op déi 42. Plaz zeréckgefall.
"Ech sinn op meng Rëpper gefall an ech hunn ënnert de Rëpper, iwwert der Hëft riets hunn ech extreem wéi an dat zitt dann op engem Parcours wéi hei alles an de Réck, meng Nuque, ech hunn den Tortekolli an ech hu mech nach eng Kéier op déi lénk Säit getässelt."
Duerch den Adrenalin an d'Euphorie wier et am éischten Tour dunn nach gutt gaangen, ma wou déi bis nogelooss hätt, wier näischt méi gaangen, sou d'Marie Schreiber. Am zweetleschten Tour ass d'Lëtzebuergerin du vum Vëlo geklommen an huet d'Course fréizäiteg opginn.
"Ech sinn och net deen, dee gären opgëtt, mee et deet wierklech wéi. Ech mengen d'nächst Woch ass d'WM, wou ech Ziler hunn, an ech wollt mer lo näischt verschäissen doduerch."
Eng Woch ass et elo nach bis mat der Weltmeeschterschaft den Héichpunkt vun der Saison waart. Och wann d'Generalprouf de Weekend net optimal gelaf ass, ass d'Lëtzebuerger Championne optimistesch fir d'Course den nächste Sonndeg.
"Ech sinn zimmlech optimistesch. Wann ech lo e bësse raschten, Kiné, Osteopath, alles, denken ech, datt dat fir d'nächst Woch misst goen. Wéi gesot, meng Form ass do."
D'Course vun den Espoir-Dammen op der WM zu Liévin a Frankräich gëtt den 2. Februar um 13.05 Auer gefuer a live op RTL iwwerdroen. D'Lëtzebuerger Championne zielt no hire gudde Resultater an dëser Saison mat enger Victoire am Weltcup zu de Medailekandidatinnen.