Nom Claude Michely 1985 zu München huet d'Marie Schreiber e Sonndeg déi zweet Medail fir Lëtzebuerg op enger Cyclocross-WM gewonnen.

D'Marie Schreiber huet sech e Sonndeg den Dram vun enger Medail op der Cyclocross-WM erfëllt. No zweemol enger fënnefter an enger sechster Plaz huet sech d'Lëtzebuerger Championne zu Liévin a Frankräich no engem staarken Optrëtt d'Sëlwermedail an der U23-Course geséchert.

No enger haart ëmkämpfter Course war d'Erliichterung grouss beim Marie Schreiber. Virun allem direkt nom Depart, bei deem d'Lëtzebuergerin net direkt an d'Pedall komm war, wier et extrem hektesch gewiescht.

"Et war e bësse mëll muss ech soen. Et war esou schwéier, fir keng Feeler ze maachen. Vun der Technik eng vun de schwéierste Coursse vun der ganzer Saison. Et waren esou vill Leit do, ech war liicht iwwerfuerdert den éischten Tour."

Duerno wier et du besser gaangen a si hätt am 2-3 Tour hire Rhythmus fonnt. D'Marie Schreiber konnt sech hannert dem Zoe Backstedt op der zweeter Plaz festsetzen. Op där si bis un d'Enn bliwwen ass.

"E puer Ausrutscher waren dobäi, wann ee wierklech op der Limitt fiert, da gehéiert dat dozou. Ech sinn eng Kéier e bësse méi nokomm, mä méi war net dran, dat do war dat beschtméiglecht wat ech gemaach hunn."

No fënnef Tier op deem ganz physeschen a schmieregen Terrain hat d'Lëtzebuergerin e Retard vun 39 Sekonnen op déi al an nei Weltmeeschterin Zoe Backstedt. Och wann et eng "wierklech sauer" Course gewiescht wier, hätt et hir Spaass gemaach.

"Vun der Ambiance hier eng vun de beschte Courssen, déi ech jee gefuer sinn."

Bronze ass un d'Leonie Bentveld aus Holland gaangen. Si hat e Réckstand vun enger Minutt an 20 Sekonnen op d'Gewënnerin.

De Resumé vun der Course
Fir d'Lëtzebuerger Championne ass et déi éischt Medail op enger WM.

Fir d'Marie Schreiber war et dat lescht Joer bei den U23-Dammen. D'nächst Joer start si da bei der WM bei den Dammen-Elite. Do huet si sech dëst Joer schonn an der Weltspëtzt etabléiert. Am Dezember hat si hir éischt Victoire beim engem Weltcup gefeiert. De Bilan vun der Saison fält dohier ganz positiv aus.

"Alles wat ech mir virgeholl hunn, hunn ech erreecht. Mengen et war sou lues un der Zäit fir e WM-Podium. Déi lescht Joren hätt et villäicht scho misse geschéien. Ech hunn elo endlech e Podium, ech hunn e Weltcup dës Saison gewonnen, mengen d'Top5 an der UCI-Weltranglëscht, ech ka mech net bekloen."

D'Course am Replay

Kee Gléck fir d'Lëtzebuerger Junioren

Bei de Junioren haten e Sonndeg de Moien d'Lëtzebuerger keng Chance. Si waren no 100 Meter an eng Chute verwéckelt. Doduerch war d'Course fir de Lëtzebuerger Champion Jonah Flammang-Lies an de Lennox Papi gelaf.

D'Resultat vun den U23-Dammen

1 BACKSTEDT Zoe 45:42
2 SCHREIBER Marie 0:39
3 BENTVELD Leonie Pauwels Sauzen - Cibel Clementines 1:20
4 GERY Célia AS Bike Racing 1:51
5 HOLMGREN Isabella 2:17
6 CHLADONOVÁ Viktória 3:38
7 MULLER Amandine AS Bike Racing 3:59
8 MACLEAN-HOWELL Ella Heizomat Radteam p/b Herrmann 4:23
9 WOLFF Imogen 4:41
10 SPESNÁ Simona 4:48