De Bob Jungels ass en Donneschdeg als 52. ukomm.

Op der zweeter Etapp vun der  Volta a la Communitat de Valencia gouf et no 166 Kilometer tëscht La Nucia an Benifato eng Victoire vum Santiago Buitrago. Mat 9 Sekonne Retard ass de Spuenier Pello Bilbao op déi zweet Plaz gefuer. De Portugis Joao Almeida ass als Drëtten iwwer d'Arrivée gefuer.

De Bob Jungels konnt sech mat engem Retard vun 8 Minutten a 25 Sekonnen als 52. klasséieren.

Am Generalklassement ass de Mathias Vacek aus Tschechien weider den Éischten. Hien huet eng Avance vun 2 Sekonnen op de Joao Almeida. De Bob Jungels ass den 63. op 13 Minutten a 44 Sekonnen.