Gewonnen huet déi 4. Etapp de Kevin Vauquelin. De Fransous ass och elo neie Leader am General.

Op der 4. Etapp vu Vauvert op Le Mont Bouquet iwwer 119 Kilometer klasséiere sech um Enn 3 Fransousen op deenen éischten 3 Plazen. Hannert dem Gewënner Kevin Vauquelin sinn dat den Thomas Champion an den Nicolas Breuillard. Mat 47 Sekonne Retard fiert de Kevin Geniets op déi 4. Plaz.

Am General läit de Lëtzebuerger elo op der 3. Plaz, 57 Sekonnen hannert dem neie Leader a Gewënner vun der Etapp Kevin Vauquelin.

Lidl-Trek mam Alex Kirsch si wéi och 7 aner Ekippen net méi bei der Etappecourse mat dobäi, dat well direkt zwee Mol een Auto am Contresens an Direktioun vum Peloton gefuer ass, an d'Sécherheet vun de Coureuren fir si net méi garantéiert war.

D'Klassement vun der Etapp

1 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 3:06:33
2 CHAMPION Thomas St Michel - Preference Home - Auber93 0:26
3 BREUILLARD Nicolas St Michel - Preference Home - Auber93 0:41
4 GENIETS Kevin Groupama – FDJ 0:47
5 TEUNS Dylan Cofidis 0:47
6 DELACROIX Théo St Michel - Preference Home - Auber93 0:56
7 TOUZÉ Damien Cofidis 1:01
8 MIFSUD Andrea Nice Métropole Côte d'Azur 1:01
9 GUERNALEC Thibault Arkéa - B&B Hotels 1:08
10 CAVAGNA Rémi Groupama – FDJ 1:13

De General

1 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 13:05:33
2 BREUILLARD Nicolas St Michel - Preference Home - Auber93 0:51
3 GENIETS Kevin Groupama – FDJ 0:57
4 TEUNS Dylan Cofidis 1:01
5 CHAMPION Thomas St Michel - Preference Home - Auber93 1:10
6 TOUZÉ Damien Cofidis 1:19
7 GUERNALEC Thibault Arkéa - B&B Hotels 1:31
8 VAN HEMELEN Vincent Team Flanders – Baloise 1:51
9 DELACROIX Théo St Michel - Preference Home - Auber93 1:52
10 DOUBEY Fabien Team TotalEnergies 1:55