Den Omloop Het Nieuwsblad markéiert den Optakt vun der Vëlossaison an der Belsch
Den Omloop Het Nieuwsblad ass traditionell den éischten Test fir déi Coureuren, déi spéider bei de grousse Klassiker eng Roll wëlle spillen.
Mat de ville klenge Koppen an de Secteure Pawee, déi ze fuere si beim Omloop Het Nieuwsblad, kann ee sech op spektakulär Biller freeën.
197 Kilometer sinn e Samschdeg tëscht Gent an Ninove ze fueren. De Parcours ass géigeniwwer deene leschte Joren nëmme liicht verännert a lackelt e puer vun de weltbeschte Coureuren un den Depart. Jidderee wëll sech fir den Optakt vun der Klassikersaison déi néideg Confiance fir de Rescht vun der Campagne siche goen.
Eng vun de favoriséierten Ekippen ass "d'Team Visma - Lease a Bike" ronderëm hire Leader Wout van Aert. Déi hollännesch Ekipp hat d'lescht Joer de Peloton fréi gerëselt an et kann een dovunner ausgoen, datt si och dëst Joer e Wuert ëm d'Victoire matschwätzen.
Aus Lëtzebuerger Siicht sinn de Bob Jungels an de Kevin Geniets um Depart. Fir den éischtgenannte geet et drëms, fir op deene Courssen, wou d'Positioun virun deene strategesche Plazen immens wichteg ass, do unzeknäppen, wou hie virun e puer Joer schonn eemol war. 2019 war hie beim Optakt an der Belsch op déi 16. Plaz gefuer. Och de Kevin Geniets huet scho gutt Resultater beim Omloop Het Nieuwsblad gemaach a konnt sech 2021 als gudden 9. klasséieren. Beim Etoile de Bessèges Ugangs dëser Saison war de Kevin Geniets iwwerdeems 3. am Generalklassement ginn.
D'Course iwwerdréit RTL am Livestream an op der Tëlee e Samschdeg vu 14.30 Auer un.