Tim Merlier wënnt och déi 2. Etapp am Sprint

© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP
De belsche Coureur konnt sech op der Arrivée op en neits behaapten. Dat obwuel hie 45 Kilometer virun der Arrivée nach vun enger Chute opgehale gouf.
Op der zweeter Etapp vu Paris-Nice ass et e Méindeg iwwer 183.9 Kilometer vu Montesson op Bellegarde gaangen. Hei konnt sech um Enn den Tim Merlier virum Fransous Emilien Jeannière an dem Dän Mads Pedersen duerchsetzen. Den Hugo Page gouf nodréiglech vun der drëtter Plaz op déi 136. Plaz no hanne versat. Déi dräi Lëtzebuerger Coureure sinn zesumme mam Peloton ukomm. De Bob Jungels ass als beschte Lëtzebuerger de 37. ginn, de Kevin Geniets de 50. a fir den Alex Kirsch ass déi 70. Plaz erauskomm.
Op enger relativ flaacher Etapp hat sech eng Zäit laang e Grupp vun dräi Coureuren un der Spëtzt gehalen. Wärend den Alexandre Delettre a Samuel Fernandez vun engem séiere Peloton agefaange goufen, konnt de Jonas Abrahamsen sech eleng vir halen. Ronn 45 Kilometer virun der Arrivée ass et dann zu enger gréisserer Chute am Peloton komm, déi dem Norweger un der Spëtzt vermuttlech liicht an d'Kaarte gespillt huet. Op deenen nächste Kilometer konnt hie säin Ecart doduerch e Stéck vergréisseren. Bei der Chute war ënner anerem de Gewënner vun der 1. Etapp, den Tim Merlier, opgehale ginn. Wärend de Coureur aus der Belsch rëm den Uschloss un de Peloton fanne konnt, war d'Course fir de Fransous Florian Sénéchal eriwwer.
Eng weider Chute am Peloton gouf et dann 20 Kilometer virun der Arrivée, wou bei héijer Vitess ënner anerem de Gorka Sorarrain an de Luke Durbridge gefall waren. Béid Coureuren hunn doropshi missten opginn. Un der Spëtzt ass den Ecart vum Jonas Abrahamsen ëmmer méi kleng ginn a knapp dräi Kilometer virun der Arrivée war et dem Peloton da gelongen, d'Tête de la course anzehuelen. Wéi och schonn e Sonndeg ass d'Decisioun op der Zillinn also an engem Massesprint gefall. Hei hat den Tim Merlier nach déi meeschte Kraaft an de Been a behält mat senger zweeter Victoire weider de Maillot Jaune.
Am General steet de Belsch elo mat 14 Sekonne virum Arnaud Démare an dem Emilien Jeannière. D'Lëtzebuerger Coureure Bob Jungels (Plaz 42), Alex Kirsch (50) a Kevin Geniets (53) hunn hei allen Dräi e Retard vun 20 Sekonnen.
En Dënschdeg steet op der 3. Etapp d'Ekippen-Zäifueren um Programm.
D'Klassement vun der Etapp
- MERLIER Tim 4:11:29
- JEANNIÈRE Emilien ,,
- PEDERSEN Mads ,,
- KRISTOFF Alexander ,,
- KIELICH Timo ,,
- ZINGLE Axel ,,
- DÉMARE Arnaud ,,
- GOVEKAR Matevž ,,
- JAKOBSEN Fabio ,,
- BOL Cees ,,
37. JUNGELS Bob ,,
50 GENIETS Kevin ,,
70 KIRSCH Alex ,,
D'Generalklassement
- MERLIER Tim 7:43:12
- DÉMARE Arnaud 0:14
- JEANNIÈRE Emilien ,,
- JORGENSON Matteo ,,
- NARVAEZ Jhonatan ,,
- ABRAHAMSEN Jonas ,,
- PEDERSEN Mads ,,
- VAN DIJKE Mick ,,
- DAINESE Alberto ,,
- SHEFFIELD Magnus ,,
42 JUNGELS Bob 0:20
50 KIRSCH Alex 0:20
53 GENIETS Kevin 0:20