De Belsch huet sech am Sprint virum Arnaud Démare an dem Alberto Dainese duerchgesat. Déi 3 Lëtzebuerger si mam Peloton ukomm.

Déi éischt Etapp vun der 83. Editioun vu Paris-Nice goung iwwer 156,1 Kilometer ronderëm Le Perray-en-Yvelines. Am Sprint huet sech um Enn den Tim Merlier (Soudal Quick-Step) aus der Belsch duerchgesat. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den Arnaud Démare (Arkéa - B&B Hotels) an den Alberto Dainese (Tudor Pro Cycling Team). Den Alex Kirsch, de Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn op de Plaze 44, 62 an 73 mam éischte grousse Grupp iwwer d'Arrivée gefuer. Den Tim Merlier ass no senger Victoire och den 1. Leader am General.

Tim Merlier wënnt 1. Etapp vu Paris-Nice (de leschte Kilometer am Replay)
De Belsch huet sech am Sprint behaapt. D'Lëtzebuerger Geniets, Jungels a Kirsch sinn am Peloton ukomm.

Mam Taco van der Hoorn (Intermarché - Wanty), Alexandre Delettre (TotalEnergies) a Samuel Fernandez (Caja Rural - Seguros) hate sech 3 Cycliste vun Ufank un ofgesat. De Peloton wollt déi dräi awer net ze wäit fortfuere loossen an huet d'Echappée ronn 50 Kilometer virun der Arrivée agefaangen. An de leschten 10 Kilometer gouf et déi eng oder aner Acceleratioun vu verschiddene Fuerer. Den Tobias Foss (Ineos Grenadiers), de Matteo Trentin (Tudor) an de Mattias Skjelmose (Lidl - Trek) hate sech ofgesat, de Peloton konnt awer reagéieren an déi 3 Coureuren zwee Kilometer virun der Arrivée nees afänken. Am Sprint huet sech schlussendlech den Tim Merlier duerchgesat.

Paris-Nice: Tim Merlier wënnt 1. Etapp (Replay)
D'Lëtzebuerger Kevin Geniets, Bob Jungels an Alex Kirsch sinn am Peloton ukomm.

D'Klassement vun der Etapp

1 Merlier Tim Soudal Quick-Step 03:32:03
2 Démare Arnaud ARKEA-B&B HOTELS ,,
3 Dainese Alberto Tudor Pro Cycling Team ,,
4 Molano Sebastian UAE Team Emirates-XRG ,,
5 Zingle Axel Team Visma | Lease a Bike ,,
6 Fedorov Yevgeniy XDS Astana Team ,,
7 van Dijke Mick Red Bull-BORA-hansgrohe ,,
8 Kielich Timo Alpecin-Deceuninck ,,
9 Albanese Vincenzo EF Education-EasyPost ,,
10 Walscheid Max Team Jayco-AlUla ,,
...
44 Kirsch Alex Lidl-Trek ,,
62 Jungels Bob INEOS Grenadiers ,,
73 Geniets Kevin Groupama-FDJ ,,

De General

1 Merlier Tim Soudal Quick-Step 03:31:53
2 Démare Arnaud ARKEA-B&B HOTELS + 04
3 Narvaez Jhonatan UAE Team Emirates-XRG ,, 
4 Dainese Alberto Tudor Pro Cycling Team + 06
5 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike ,, 
6 Sheffield Magnus INEOS Grenadiers + 08
7 Molano Sebastian UAE Team Emirates-XRG + 10
8 Zingle Axel Team Visma | Lease a Bike ,, 
9 Fedorov Yevgeniy XDS Astana Team ,,
10 van Dijke Mick Red Bull-BORA-hansgrohe ,,
...
46 Kirsch Alex Lidl-Trek + 10
63 Jungels Bob INEOS Grenadiers ,, 
74 Geniets Kevin Groupama-FDJ ,,