Op der leschter Etapp huet den US-Amerikaner sech de Giele Maillot net méi huele gelooss. D'Dagesvictoire war fir säi Landsmann Magnus Sheffield.

E Sonndeg war mat der 8. Etapp den Ofschloss vun der 83. Editioun Paris-Nice. No 119.9 Kilometer konnt sech op der Arrivée zu Nice de Magnus Sheffield d'Dagesvictoire virum Matteo Jorgenson an dem Felix Gall sécheren. D'Schlussvictoire am General geet un de Matteo Jorgenson aus den USA, dee säi Giele Maillot op der leschter Etapp mat der zweeter Plaz ouni Gefor verdeedegt krut.

Beschte Lëtzebuerger war e Sonndeg de Kevin Geniets, dee mat engem Retard vu 4:30 Minutten op déi 32. Plaz gefuer ass.

Nom ville Reen e Samschdeg war d'Wieder beim Depart zu Nice e Sonndeg e gutt Stéck méi frëndlech. Ënnert engem bloen Himmel huet de Mads Pedersen net laang gezéckt fir eng Attack aus dem Peloton eraus ze woen. Dräi Mol gouf den Dän nees vum Peloton agefaangen, éier et beim véierte Versuch da gelongen ass, mat e puer weidere Coureuren ee klengen Ecart erauszefueren. Scho beim éischte Bierg erop op de Col de la Porte huet sech de Peloton no an no opgeléist, dorënner och de Bob Jungels. De Matteo Jorgenson am Giele Maillot ass dobäi déi ganzen Zäit am Grupp vun de Favoritte gefuer.

De Mads Pedersen konnt sech awer net bis zum Schluss un der Spëtzt halen an huet ronn 12 Kilometer virun der Arrivée misse vum Groupe Maillot Jaune lassloossen. Um Fouss vun der leschter Montée op de Col des Quatre Chemins huet sech de Magnus Sheffield eleng un der Tête de la course erëmfonnt, dat mat e puer Sekonne virum Matteo Jorgenson. D'Kraaft ass bis op de leschte Sommet duergaangen a sou ass et mat engem Virsprong vun 20 Sekonnen erof op Nice Richtung Arrivée gaangen. Dat sollt fir d'Dagesvictoire vum Magnus Sheffield duergoen, dee sech um Enn 30 Sekonne virum Matteo Jorgenson duerchsetze konnt.

Mat deem Resultat e Sonndeg huet sech de Matteo Jorgenson de Giele Maillot net méi huele gelooss a wënnt domadder d'Generalklassement vu Paris-Nice. Op déi zweete Plaz kënnt hei um Enn den Florian Lipowitz an Drëtte gëtt den Thymen Arensman.

Paris-Nice: Magnus Sheffield wënnt 8. Etapp, Matteo Jorgenson de General (Replay)
Kuckt d'Etapp am Replay

D'Klassement vun der 8. Etapp

  1. SHEFFIELD Magnus 2:48:37
  2. JORGENSON Matteo 0:29
  3. GALL Felix 0:35
  4. STORER Michael 1:01
  5. CHAMPOUSSIN Clément ,,
  6. LIPOWITZ Florian ,,
  7. ARENSMAN Thymen ,,
  8. VLASOV Aleksandr 1:04
  9. VAN WILDER Ilan 1:40
  10. PARET-PEINTRE Aurélien ,,

32. GENIETS Kevin 4:30

46 KIRSCH Alex 8:03

69 JUNGELS Bob 13:31

De General

  1. JORGENSON Matteo 26:26:42
  2. LIPOWITZ Florian 1:15
  3. ARENSMAN Thymen 1:58
  4. SHEFFIELD Magnus 2:17
  5. STORER Michael 3:03
  6. ALMEIDA Joao 3:57
  7. CHAMPOUSSIN Clément 4:00
  8. TEJADA Harold 4:53
  9. FOSS Tobias 4:59
  10. VAN WILDER Ilan 5:26

25. GENIETS Kevin 17:44
65. KIRSCH Alex 46:27
67. JUNGELS Bob 48:42