Mathieu Kockelmann gewënnt den Optakt vun der Stroossesaison
De Mathieu Kockelmann konnt wéi virun zwee Joer eng Victoire zu Bech feieren. Hannendru koumen de Charel Meyers an den Tim Diederich.
De Mathieu Kockelmann ass gutt an déi nei Saison op der Strooss gestart. Hie konnt wéi virun zwee Joer zu Bech eng Victoire feieren. Och fir de Charel Meyers war et en Déjà-vu, well och hie virun zwee Joer Zweete gi war.
Fir d'Espoiren an d'Elite war et vu Bech iwwer de Jakobsbierg op Berbuerg an nees zeréck gaangen. De Parcours vun 9,3 Kilometer huet 12 Mol missen zeréckgeluecht ginn.
De Mathieu Kockelmann an den Tim Diederich hu sech schonn am zweeten Tour vum Peloton ofgesat. No zwee Tier hate béid Spëtzeleit eng Avance vu 45 Sekonnen op d'Verfollger Charel Meyers a Philippe Schmit a kuerz drop koum et zum Zesummeschloss.
De Kockelmann huet sech 15 Kilometer virun der Arrivée eleng op de Wee gemaach an déi aner stoe gelooss. Hie gewënnt um Enn mat enger Avance vun 1 Minutt 44 Sekonne virum Charel Meyers. Am Kampf ëm déi drëtt Plaz gouf et e Photofinish tëscht dem Schmit an dem Diederich, mat dem besseren Enn fir den Diederich.