D’Course gëtt e Sonndeg vu 15.00 Auer un op RTL ZWEE an um Stream op RTL.lu iwwerdroen.

Aus Lëtzebuerger Siicht stinn dräi Sportler um Depart vun der Amstel Gold Race. Nieft dem Champion Kevin Geniets an dem Bob Jungels steet och de Luc Wirtgen mat op der Startlëscht. De jonke Sportler wäert sech an den Déngscht vun der Ekipp stellen. 
 
Et ass d’Rou virum Stuerm fir de jonke Sportler aus dem Atertdaul. De Luc Wirtgen wäert alles drusetzen, mat sengen zwee Leaderen, dorënner de Schwäizer Marc Hirschi an de Fransous Julian Alaphilippe, de grousse Favoritten e Stréch duerch d’Rechnung ze maachen. Déi grouss Favoritten op d’Victoire bei der 59. Editioun vun der Amstel Gold Race si keng anerer wéi de Weltmeeschter Tadej Pogaçar, de Remco Evenepoel, de Wout van Aert oder och de Gewënner vun zejoert Thomas Pidcock. 
 
Bei der Ekipp vum Luc Wirtgen Tudor Pro Cycling setzt een op zwou Kaarten. Ouni d’Hëllef vum Luc Wirtgen ass dëst awer ganz schwiereg. Dobäi setzt de 26 Joer ale Lëtzebuerger seng eege Resultater dacks an den Hannergrond. Et wëll ee mat der Ekipp op de Podium, a firwat net souguer déi grouss Favoritten iwwerraschen a gewannen. 
 
Den Optakt vun der Saison war fir de Lëtzebuerger Sportler awer alles anescht wéi gelongen. No enger klenger Verletzung am Wanter war hie mat vill Euphorie an d’Saison gestart. Am Tour of Oman, deen Ufank Februar gefuer ginn ass, war de Sportler schwéier gefall. Duerno war de Luc Wirtgen dann nach mat Krankheete geplot an huet sou seng éischt grouss Zieler verpasst. Mat den Ardenne-Klassiker sti weider grouss Rendez-vousen um Programm, bei deenen de "Capitaine de Route" sech beweise kann. 
 
E Sonndeg wäert et da spannend ginn, wie sech no 255 Kilometer an 33 Montéeën, dorënner et zweemol de mythesche Cauberg erop geet, vu Maastricht op Valkenburg duerchsetze kann. Eppes ass gewosst, de Luc Wirtgen wäert alles an d’Weeër leeden, fir datt seng Leaderen eng Chance op d’Victoire hunn.

D’Course gëtt e Sonndeg vu 15.00 Auer un op RTL ZWEE an um Stream op RTL.lu iwwerdroen.