Remco Evenepoel gewënnt Flèche Brabançonne

© Tom Goyvaerts / BELGA / AFP
Gutt 4 Méint no engem schwéieren Accident mellt den duebelen Olympiagewënner sech zréck mat enger Victoire.
No knapp 163 Kilometer konnt de Remco Evenepoel sech knapp géint säi Compatriot Wout van Aert duerchsetzen. Drëtte gëtt de Portugis Antonio Morgado op 27 Sekonnen. De Lëtzebuerger Mats Wenzel kënnt mat engem Retard vu 4 Minutten a 4 Sekonnen op déi 62. Plaz.
Den Evenepoel hat am Dezember bei enger Kollisioun mat engem Postauto schwéier Blessuren erlidden. No dësem staarke Comeback plangt de Profi vun der Ekipp Soudal-Quick-Step elo och bei den Ardenne-Klassiker Amstel Gold Race, Flèche Wallonne a Léck-Baaschtnech-Léck un den Depart ze goen.
Mir wäerten déi 3 Coursse live op rtlplay.lu iwwerdroen.
Bei den Dammen huet d'Elisa Longo-Borghini no 126 Kilometer d'Flèche Brabançonne an der Belsch gewonnen. D'Italieenerin hat op der Arrivée eng Avance vu 6 Sekonnen op déi zwou Hollännerinne Marinanne Vos a Femke Gerritse. D'Marie Schreiber hat als 89. ee Retard vun 11 Minutten an 3 Sekonnen. D'Liv Wenzel huet opginn.