De Vincenzo Albanese gewënnt am Sprint

© JASPER JACOBS / BELGA MAG / Belga via AFP
Op der 2. Etapp goung et iwwer 177 Kilometer vun Aarau op Schwarzsee. Um Enn huet den Italiener Vincenzo Albanese déi beschte Been a ka sech duerchsetzen.
Et stoungen ee Col vun der zweeter Kategorie an zwee Colle vun der drëtter Kategorie um Menü. D'Echappée mam Däitsche Jonas Rutsch a Schwäizer Champion Maruo Schmid gouf 16 Kilometer viru Schluss agefaangen. Manner wéi zwee Kilometer vun der Arrivée ewech hat de Fabio Christen nach versicht, sech eleng ofzesetzen, mee de Schwäizer koum sou just net duerch. No 3 Stonnen, 55 Minutten an 58 Sekonne gewënnt de Vincenzo Albanese (EF Education Easypost) de Sprint, virum Fabio Christen (Q36,5), Drëtte gëtt den Englänner Lewis Askey (Groupama-FDJ).

© DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP
De Bob Jungels (INEOS Grenadiers) fiert an der selwechter Zäit wéi de Gewënner als 78. iwwert de Stréch, fir de Luc Wirtgen (Tudor Pro Cycling Team) ass et op Plaz 125 en Zäitverloscht vun 8 Minutten an 12 Sekonnen.
De General
1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 6:46:01
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels +0:24
3 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike +0:26
4 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team "
5 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla +1:18
6 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates - XRG "
7 KÄMNA Lennard Lidl - Trek "
8 CASTRILLO Pablo Movistar Team "
9 KEPPLINGER Rainer Bahrain - Victorious "
10 SWIFT Ben INEOS Grenadiers +1:33
...
83 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers +11:25
129 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team + 19:37
Déi 3. Etapp, op där sech um Enn vläicht déi stäerkste Puncher ëm d'Victoire duelléiere wäerten, féiert en Dënschdeg iwwer 195,6 Kilometer vun Aarau op Heiden.