Op der Kinneksetapp goung et iwwer 183,5 Kilometer vu La Punt op Santa Maria. Dräi Colle vun der éischter Kategorie waren ze bewältegen.

Den Daach vum Tour war op 2.284 Meter iwwer dem Mieresspigel mam Julierpass erreecht. Bis an déi lescht Montée virun der Arrivée waren Coureuren am Spëtzegrupp. Um Enn konnten de Joao Almeida an den Oscar Onley hir lescht Konkurrenten distanzéieren, a sech e Sprintduell ëm d'Etappevictoire liwweren, mam besseren Enn fir den Englänner.

Déi béid Coureuren haten eng Avance vu ronn 7 Minutten op de Leader vum General, de Romain Grégoire. De Fransous verléiert domadder d’Féierung am General u säi Landsmann Kévin Vauquelin.
 
Vun de Lëtzebuerger koum de Bob Jungels mat engem Retard vun 4'47'' op déi 21. Plaz. De Luc Wirtgen gëtt deen 58. mat 18'40'' Réckstand.

Resultat vun der Etapp:
1 - ONLEY Oscar, Team Picnic Postal NL 4:33:28
2 - ALMEIDA Joao, UAE Team Emirates - XRG +0''
3 - Gall Felix, Decatjlon - AG2R +23''
4 - VAUQUELIN Kevin, Arkéa - B& B Hotels +57''
5 - RICCITELLO Matthew, Israel - Premier Tech +1'05''
6 - VAN WILDER Ilan, Soudal Quick Step +1'14'
7 - ALAPHILIPPE Julien, Tudor Pro Cycling Team +1'22''
8 - KÄMNA Lennard, Lidl Trek +1'46''
9 - GROSSSCHARTNER Felix, UAE Team Emirates - XRG +2'25''
10 - BENNETT George, Israel Premier Tech +2'38''

General:
1 - VAUQUELIN Kevin, Arkéa - B& B Hotels
2 - ALAPHILIPPE Julien, Tudor Pro Cycling Team +29''
3 - ALMEIDA Joao, UAE Team Emirates - XRG + 39''
4 - ONLEY Oscar, Team Picnic Postal NL +1'21''
5 - KÄMNA Lennard, Lidl Trek +1'44''
6 - O'CONNOR Ben, Team Jayco Alula +2'16''
7 - Gall Felix, Decatjlon - AG2R +2'20''
8 - CASTRILLO Pablo, Moviestar +2'40''
9 - RICCITELLO Matthew, Israel - Premier Tech +3'08''
10 - VAN WILDER Ilan, Soudal Quick Step +3'17''