De Belsch konnt sech am Massesprint zu Bréissel virum Juan Sebastian Molano an dem Kim Heiduk behaapten.

E Sonndeg ass beim Tour duerch d'Belsch déi lescht Etapp mat Depart an Arrivée zu Bréissel gefuer ginn. No 183.4 Kilometer huet sech de Belsch Tim Merlier am Massesprint d'Victoire virum Juan Sebastian Molano an dem Kim Heiduk geséchert.

D'Schlussvictoire no fënnef Etappe geet un de Filippo Baroncini. Den Italieener steet am Generalklassement virum Britt Ethan Hayter an dem Belsch Jenno Berckmoes um Podium.

Den Arthur Kluckers war e Sonndeg zesumme mam Peloton als 96. iwwert d'Zillinn gefuer. Am General steet de Lëtzebuerger Coureur um Enn op der 67. Plaz.

D'Klassement vun der 5. Etapp

1. MERLIER Tim 3:56:38
2. MOLANO Juan Sebastian ,,
3. HEIDUK Kim ,,
4. TEUTENBERG Tim Tom ,,
5. PHILIPSEN Jasper ,,
6. MARIT Arne ,,
7. KOPECKY Matyas ,,
8. VERNON Ethan ,,
9. DAINESE Alberto ,,
10. VAN ASBROECK Tom ,,

De General

1. BARONCINI Filippo 16:39:07
2. HAYTER Ethan 0:04
3. BERCKMOES Jenno 0:07
4. GANNA Filippo 0:10
5. FRIGO Marco 0:11
6. VERMEERSCH Florian 0:16
7. AULAR Orluis 0:18
8. PHILIPSEN Jasper 0:22
9. COTE Pier-André 0:23
10. VAN DER TUUK Axel ,,