De Loris Morbé an d'June Nothum wannen den Titel bei den Debutanten
Um Samschdeg war et Suite vum Lëtzebuerger Championnat, wou Stroossecoursse bei den Debutanten, de Minimes, de Cadeten an de Masters um Programm stoungen.
Bei den Debutanten (m) stoung de Loris Morbé (Cycling Team Toproad Roeserbann) ganz uewen um Podium. Hien huet sech am Sprint virum Ben Koenig (CT Atertdaul) duerchgesat. De Podium gouf vum Paul Kommes (SAF Zéisseng) komplettéiert. D'June Nothum (UC Dippach) huet den Titel bei den Debutanten (f) gefeiert. D'Amy Breuer (CT Atertdaul) huet sech op der 2. Plaz klasséiert mat engem Réckstand vun enger Minutt an 32 Sekonnen. D'Chiara Christen (UC Dippach) ass op der 3. Plaz iwwert de wäisse Stréch gefuer.
De Lorenzo Astolfi (UC Dippach) ass bei de Cadete (m) als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer. Hien hat eng Avance vu 4 Minutten a 17 Sekonnen op de Ben Schmitt (SAF Zéisseng). De Bjarne Bauer ass op der 3. Plaz ukomm. Bei de Cadet-Meedercher huet sech d'Enola Walch (CT Atertdaul) virum Nora Simon (VC Diekirch) an dem Chiara Marson duerchgesat.
Bei de Minimes (m) war de Mathis Elsen (CT Atertdaul) dee Séiersten. Hien hat no 28 Kilometer eng Avance vu ronn 2 Minutten op de Fabio Giampaolo (UC Dippach) op der 2. an de Jarno Goetzinger (UC Dippach) op der 3. Plaz. Bei de Minimes (f) goung den Titel un d'Lyel Hever (Velo Club La Pédale 1907 Schifflange) virum Liz Bastian an dem Julie Kreins.
De leschten Titel vum Dag goung bei de Masters un de Claude Wolter (CT Kayldall). Hien huet sech am Sprint virum Olivier Laterza (LG Bertrange) an dem Serge Bertemes (HIR Schuttrange) behaapt.