Bei den Dammen ass d'Decisioun op de leschte Meter gefall, bei den Häre huet den Arthur Kluckers kloer virum Luc Wirtgen gewonnen.

Am Sonndegnomëtteg sinn d'U23 an d'Elite op de Parcours geschéckt ginn. Si hu jee 7 Tier à 20 Kilometer hannert sech brénge mussen.

Et war eng mouvementéiert Course mat villen Attacken, wouduerch sech laang Zäit kee feste Spëtzegrupp forméiert huet. Eréischt an den dräi leschten Tier huet sech eng Grupp mam Bob Jungels, Alex Kirsch, Arthur Kluckers, Alexandre Kess, Arno Wallenborn, Luc Wirtgen a Larry Valvasori forméiert, déi och esou op de leschten Tour goung. De Kevin Geniets, de Lëtzebuerger Champion vun 2024, war zu deem Moment ofgehaangen an hat keng Chance méi op eng Titelverdeedegung.

6 Kilometer virun der Arrivée huet den Arthur Kluckers et eleng probéiert a konnt sech vun den anere Fuerer ofsetzen. Hie gouf bis op d'Arrivée net méi ageholl. De Luc Wirtgen, dee sech 3 Kilometer virun der Arrivée vun der Grupp ofgesat hat, konnt net méi bäifueren. Den Alexandre Kess gouf Drëtten. Fir de Kluckers ass et den éischte Championstitel bei der Elite. De Larry Valvasori séchert sech duerch seng 4. Plaz den Titel an der Kategorie Elite ouni Kontrakt.

De Championstitel bei den Espoirë gëtt nächste Weekend verginn. Si fueren hiert eegent Championnat den nächste
Weekend am Kader vun der Véier-Länner-Meeschterschaft an Éisträich.

Dammecourse a Jugend

E Sonndeg de Moie sinn zu Mäerzeg fir den Optakt vum leschten Dag vum Championnat d'Stroossecoursse vun de Junioren an den Damme gefuer ginn.

Bei den Dammen huet d'Marie Schreiber d'Course iwwer 80 Kilometer gewonnen a sech domadder och de Championstitel bei der Elite mat Kontrakt geséchert. Si huet sech am Sprint virum Nina Berton an dem Liv Wenzel behaapt.

D'Marie Schreiber hat sech en Donneschdeg och schonn den Titel am Zäitfuere geséchert. Si ass och déi aktuell Championne am Cyclocross.

RTL

© Roland Miny / pressphoto

Den Titel bei den Elite ouni Kontrakt ass un d'Layla Barthels gaangen. Si huet sech virun hirer Schwëster Maïté Barthels duerchgesat. Béid Dammen huet op der Arrivée eng Sekonn getrennt.

RTL

© Roland Miny / pressphoto

Bei de Junioren huet sech de Lenn Schmitz mat enger Avance vun zwou Sekonne virum Jonah Flammang-Lies den Titel geséchert. Bronze ass un de Lennox Papi gaangen. Hien hat e Réckstand vun 22 Sekonnen op de Gewënner.

De Jonah Flammang-Lies hat sech direkt am éischten Tour ofgesat. Hannert him hat sech de Lennox Papi op d'Verfollgung gemaach. Am leschten Tour konnt de Lenn Schmitz béid Coureuren awer afänken, fir sech um Enn dann och den Titel ze sécheren.

RTL

© Roland Miny / pressphoto

D'Lena Lallemang stoung bei de Juniorinne ganz uewen um Podium an huet sech iwwer de rout-wäiss-bloe-Maillot dierfe freeën. Si huet sech am Sprint virum Elena Lopez behaapt. D'Kylie Bintz huet mat engem Retard vu ronn zwou Minutten de Podium komplettéiert.

Bei de Master Damme war d'Carole Kremer déi Bescht. Si huet sech virum Claudine Bintz an dem Mélanie Wunsch den Titel geséchert. Si haten e Retard vu ronn 9 respektiv 10 Minutten op d'Gewënnerin.