De Startschoss vun der 112. Editioun vum Tour de France wäert zu Lille falen. 184 Coureuren an 23 Ekippe sinn um Depart, awer kee Lëtzebuerger.

Déi éischt Woch vum Tour ass um Pabeier net déi schwéiersten, se kann awer ganz decisiv ginn. Mat Depart an Arrivée zu Lille wäert d'Decisioun op der éischter Etapp am Sprint falen. Déi Deeg duerno kënne ganz spannend ginn an d'Wieder kann eng wichteg Roll spillen. Déi fënneft Etapp, en d’Zäitfueren zu Caen iwwer 33 Kilometer, wäert da fir éischt Ausruffzeechen am General suergen.

An der zweeter Woch erwaarden d’Coureuren dann d’Pyrenäen. Mat der Arrivée um Hautacam op der 12. Etapp wäerte Biergfuerer op hir Käschte kommen. Zwee Deeg méi spéit geet et vu Pau iwwer de Col du Tourmalet, de Col d’Aspin an de Col de Peyresourde op d’Arrivée zu Luchon.

No de Pyrenäe geet et iwwert de Mont Ventoux eriwwer an d’Alpen. Déi 18. Etapp kann dann déi ganz decisiv sinn. Nom Col du Glandon an dem Col de la Madeleine steet de schwéiere Col de la Loze zu Courchevel op iwwer 2.300 Meter um Programm.

Den dräifache Gewënner Tadej Pogacar geet als Favorit an d’Course. Eng Grande-Boucle, déi zu 100 Prozent op franséischem Terrain gefuer gëtt.

Iwwer déi dräi Woche wäert RTL op der Tëlee, am Stream op RTL.lu an op der App bei allen Etappe live dobäi sinn.