Marie Schreiber mat de Plazen 2 an 9 op der drëtter Etapp

© Jacques Joseph / RTL
E Samschdeg stounge bei der Baloise Ladies Tour zwou Hallefetappen um Programm.
E Samschdeg de Moien ass et op der éischter Hallschent vun der 3. Etapp vun der Baloise Ladies Tour iwwer 87 Kilometer vu Maldegem op Maldegem gaangen. An der Finall vun der Etapp konnt sech d'Marie Schreiber zesumme mam Zoe Bäckstedt liicht vum Peloton ofsetzen. Béid Damme sinn ëm d'Victoire gesprint an do huet sech d'Brittin um Enn behaapt. Fir d'Marie Schreiber ass et déi excellent zweete Plaz. Hannert hir ass hir Coequipière vun SD-Worx-Protime Barbara Guarischi op déi drëtt Plaz gesprint.
E Samschdeg den Owend stoung op der zweeter Hallschent vun der 3. Etapp een Zäitfueren iwwer 10,4 Kilometer zu Maldegem um Programm. Hei gouf et eng weider Victoire fir d'Zoe Bäckstedt. Si huet sech mat enger Avance vu véier Sekonne virun der Hollännerin Ellen van Dijk behaapt. Mat engem Retard vun 13 Sekonnen ass d'Marthe Goossens aus der Belsch déi Drëtt ginn. Fir d'Lëtzebuerger Championne Marie Schreiber war et déi 9. Plaz op 24 Sekonnen.
Duerch hir zwou Victoirë vun e Samschdeg huet d'Bäckstedt d'Féierung am General iwwerholl. Si läit virun der leschter Etapp e Sonndeg 12 Sekonne virum van Dijk a 26 Sekonne virum Goossens. D'Marie Schreiber war e Samschdeg de Moien op déi fënneft Plaz no vir geréckelt a konnt duerch hir néngt Plaz am Zäitfueren dës Positioun verdeedegen. Si huet e Retard vun 32 Sekonnen.
Op der leschter Etapp geet et e Sonndeg iwwer 127 Kilometer vun Zwevegem op Zwevegem.
Resultat Etapp 3a.
1 Bäckstedt Zoe CANYON//SRAM zondacrypto 2:08:09
2 Schreiber Marie Team SD Worx - Protime ,,
3 Guarischi Barbara Team SD Worx - Protime ,,
4 Magner Alexis United States ,,
5 Copponi Clara Lidl - Trek ,,
Resultat Etapp 3b.
1 Bäckstedt Zoe CANYON//SRAM zondacrypto 13.23,695
2 van Dijk Ellen Lidl - Trek 0.04,289
3 Goossens Marthe AG Insurance - Soudal Team 0.13,656
4 Wilson-Haffenden Felicity Lidl - Trek 0.14,226
5 Koch Franziska Team Picnic PostNL 0.14,359
...
9 Schreiber Marie Team SD Worx - Protime 0.24,461
De General no der Etapp 3b.
1 Bäckstedt Zoe CANYON//SRAM zondacrypto 8:29:52
2 van Dijk Ellen Lidl - Trek 0:12
3 Goossens Marthe AG Insurance - Soudal Team 0:26
4 Vigié Margaux Team Visma | Lease a Bike 0:28
5 Schreiber Marie Team SD Worx - Protime 0:32