De Walter Godefroot am Alter vun 82 Joer gestuerwen

De Godefroot war e verbassene Konkurrent vum Eddy Merckx an de Manager vun der Ekipp Telekom.
9 Méint nom Doud vum Rik van Looy trauert de belsche Vëlossport e Méindeg ëm de Walter Godefroot. Als ee vun de gréisste Konkurrente vum Eddy Merckx huet de Godefroot a senger Karriär zwee Mol den Tour des Flandres (1969 a 1978), Paris - Roubaix (1969) Léck - Baaschtnech - Léck (1967) an ënner anerem och 10 Etappen am Tour de France gewonnen.
No senger Karriär war hien de Manager vun der ëmstriddener Ekipp Telekom, déi Enn den Nonzeger-Jore (1996 a 1997) mat Riis an Ullrich den Tour de France gewonnen hat. Nodeems de Godefroot u Parkinson erkrankt war, war deen zu Gent gebuerene Coureur wéineg an der Ëffentlechkeet ze gesinn.