Kooij gewënnt am Sprint, Wenzel gëtt deen 33.

Olav Kooij / © DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP
Beim Tour duerch Groussbritannien gouf et op der zweeter Etapp eng Victoire am Sprint fir den Hollänner Olav Kooij. de Mats Wenzel ass mat virbäi.
Iwwer 169,3 Kilometer goung et vu Stowemarket zréck op Stowemarket. Am Sprint konnt den Hollänner sech virum Belsch Tom Crabbe duerchsetzen, Drëtte gouf de Samuel Watson aus Groussbritannien. An der selwechter Zäit wéi de Gewënner ass de Lëtzebuerger Mats Wenzel als 33. iwwer d'Arrivée gefuer.

Mats Wenzel
De Kooij vum Team Visma | Lease a Bike bleift no senger zweeter Victoire weider Leader am Klassement, virum Norweger Tord Gudmestad aus der Ekipp Decathlon AG2R La Mondiale. De Mats Wenzel, dee fir d'Ekipp Kern Pharma start, steet am General aktuell op der 99. Plaz.
En Donneschde wäert déi véierten Etapp iwwer 122,8 Kilometer vu Milton Keynes op Ampthill féieren. Den Tour of Britain dauert nach bis e Sonndeg a féiert am Ganzen iwwer 886,2 Kilometer.
D'Klassement vun der Etapp
1 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 3:44:14
2 Crabbe Tom Team Flanders - Baloise ,,
3 Watson Samuel INEOS Grenadiers ,,
4 Govekar Matevž Bahrain - Victorious ,,
5 Townsend Rory Q36.5 Pro Cycling Team ,,
6 Brustenga Marc Equipo Kern Pharma ,,
7 Lamperti Luke Soudal Quick-Step ,,
8 Dainese Alberto Tudor Pro Cycling Team ,,
9 Isidore Noa Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 Bomboi Davide Unibet Tietema Rockets ,,
...
33 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 0:00
De General
1 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 7:12:55
2 Crabbe Tom Team Flanders - Baloise 0:14
3 Watson Samuel INEOS Grenadiers 0:16
4 Hofstetter Hugo Israel - Premier Tech ,,
5 Stokbro Andreas Unibet Tietema Rockets 0:17
6 Lanhove Milan Team Flanders - Baloise ,,
7 Golliker Joshua Great Britain 0:18
8 Veistroffer Baptiste Lotto ,,
9 Dainese Alberto Tudor Pro Cycling Team 0:20
10 Townsend Rory Q36.5 Pro Cycling Team ,,
...
70 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 0:20