Duebel spuenesch Victoire duerch Ayuso a Romo

© ANDER GILLENEA / AFP
Iwwer 144,9 Kilometer goung et vu Laredo op Corrales de Buelna. Um Enn sinn zwee Spuenier ganz vir. De Jonas Vingegaard bleift weider am roude Maillot.
De Juan Ayuso konnt seng zweeten Etappevictoire feieren. Den 22 Joer ale Coureur vun UAE Team Emirates - XRG huet säi spuenesche Landsmann Javier Romo vu Movistar a Schach halen. De Fransous Brieuc Rolland konnt sech mat 13 Sekonne Retard als Drëtte klasséieren.
Fréi an der Etapp hat sech eng ganz grouss Echappée ofgesat, déi um Enn de Succès ënnert sech ausgemaach huet. De Bob Jungels ass mam Grupp vun deene Beschten am Generalklassement mat engem Retard vun 6 Minutten an 22 Sekonnen als 61. iwwer d`Arrivée gefuer.
Am Generalklassement bléift op deenen éischte Plazen alles beim Alen. De Jonas Vingegaard huet 50 Sekonnen Avance op de Joao Almeida, den Tom Pidcock huet als Drëtten e Retard vu 56 Sekonnen.
KLASSEMENT VUN DER 12. ETAPP:
1. Juan Ayuso (ESP/UAD) 3 h 16:21. (Moyenne: 44,4 km/h)
2. Javier Romo (ESP/MOV) 0.
3. Brieuc Rolland (FRA/GFC) 13.
4. Victor Campenaerts (BEL/TVL) 17.
5. Mads Pedersen (DEN/LTK) 17.
6. Nico Denz (GER/RBH) 17.
7. Damien Howson (AUS/Q36) 17.
8. Santiago Buitrago (COL/TBV) 17.
9. Markel Beloki (ESP/EFE) 17.
10. Pablo Castrillo (ESP/MOV) 17.
...
61. Bob Jungels (LUX/INE) 6:22
GENERALKLASSEMENT:
1. Jonas Vingegaard (DEN/TVL) 44 h 36:45.
2. João Almeida (POR/UAD) 50.
3. Thomas Pidcock (GBR/Q36) 56.
4. Torstein Træen (NOR/TBV) 1:06.
5. Felix Gall (AUT/DAT) 1:17.
6. Bruno Armirail (FRA/DAT) 2:22.
7. Matteo Jorgenson (USA/TVL) 2:26.
8. Jai Hindley (AUS/RBH) 2:30.
9. Giulio Ciccone (ITA/LTK) 2:33.
10. Giulio Pellizzari (ITA/RBH) 2:44.
...
64. Bob Jungels (LUX/INE) 1h03:36.