E Samschdeg stounge knapp 136 Kilometer tëscht Avilés an dem Alto de la Farrapona um Programm.

No der Kinneksetapp um Freideg huet e Samschdeg eng kuerz, mee dofir intensiv Biergetapp op d'Coureure gewaart.

Eng Echappée aus ronn 20 Coureure hat sech fréi ofgesat a konnt sech tëschenzäitlech eng Avance vu 6 Minutten op de Peloton erausfueren. De Spëtzegrupp ass no an no méi kleng ginn a 16 Kilometer virun der Arrivée war et de Marc Soler, dee sech an der Schlussmontée eleng ofgesat huet an d'Etapp esou fir sech decidéiere konnt.

Hannendru goufen all déi aner Coureuren aus der Echappée ageholl, soudass d'Plazen 2 an 3 un de Jonas Vingegaard an un de João Almeida gaange sinn.

Am General ginn et deemno keng gréisser Ännerungen un der Spëtzt. De Vingegaard konnt de roude Maillot verdeedegen an huet elo e puer Sekonne méi Avance op den Almeida an de Pidcock.

De Bob Jungels huet sech e Samschdeg als 76. klasséiert, woumat hien am General op der 51. Plaz läit.

Klassement vun der 14. Etapp

1 Soler Marc UAE Team Emirates - XRG 3:48:22
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:39
3 Almeida João UAE Team Emirates - XRG ,,
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 0:43
5 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:48
6 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 0:53
7 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech ,,
8 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team ,,
9 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike ,,
10 Pickering Finlay Bahrain - Victorious 1:25
...
76 Jungels Bob INEOS Grenadiers 26:55

Generalklassement 

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 49:30:54
2 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0:48
3 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 2:38
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:10
5 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:30
6 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:21
7 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech 4:53
8 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike 5:46
9 Træen Torstein Bahrain - Victorious 6:33
10 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 8:52
...
51 Jungels Bob INEOS Grenadiers 1:37:07