Mads Pedersen wënnt aus Echappée eraus

© AFP
E Sonndeg ass et op der 15. Etapp vun der Vuelta iwwer 167 Kilometer vun A Veiga/Vegadeo op Monforte de Lemos gaangen.
De Mads Pedersen huet sech a seng Ekipp Lidl-Trek op der 15. Etapp vun der Vuelta erléist. Ëmmer nees hat een et an de leschten zwou Woche probéiert, ma e Sonndeg ass der US-amerikanescher Ekipp duerch den Dän déi éischt Etappevictoire gelongen. De Pedersen huet sech no 167 Kilometer zu Monforte de Lemos am Sprint aus der Echappée eraus behaapt. Den Orluis Aular ass deen Zweete ginn. De Marco Frigo huet sech déi drëtte Plaz geséchert.
Direkt 47 Coureuren hate sech am éischte Bierg vum Dag vum Peloton ofgesat, néng Coureuren hunn um Enn d'Victoire ënnert sech ausgemaach. Mat dobäi de Pedersen, deen d'Situatioun déi ganzen Zäit komplett ënner Kontroll hat.
De Peloton mam Leader Jonas Vingegaard ass op 13 Minutten an 31 Sekonnen ukomm. Fir de Bob Jungels war et op der 15. Etapp déi 108. Plaz op 13 Minutten an 59 Sekonnen.
Am General huet de Vingegaard weiderhin eng Avance vun 48 Sekonnen op de Joao Almeida an zwou Minutten an 38 Sekonnen op den Thomas Pidcock. De Bob Jungels ass de 54. op eng Stonn, 37 Minutten a 35 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 Pedersen Mads Lidl - Trek 4:02:13
2 Aular Orluis Movistar Team ,,
3 Frigo Marco Israel - Premier Tech ,,
4 Buitrago Santiago Bahrain - Victorious ,,
5 Dunbar Eddie Team Jayco AlUla ,,
6 Bernal Egan INEOS Grenadiers ,,
7 Vervaeke Louis Soudal Quick-Step ,,
8 Vine Jay UAE Team Emirates - XRG 0:08
9 Sheffield Magnus INEOS Grenadiers *0:00
10 Segaert Alec Lotto 0:23
...
108 Jungels Bob INEOS Grenadiers 13:59
De General
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 57:35:33
2 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0:48
3 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 2:38
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:10
5 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:30
6 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4:21
7 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech 4:53
8 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike 5:46
9 Lecerf Junior Soudal Quick-Step 5:49
10 Træen Torstein Bahrain - Victorious 6:33
...
54 Jungels Bob INEOS Grenadiers 1:37:35