Schlussvictoire fir Romain Grégoire, Mats Wenzel um Enn op Plaz 20

© GONGORA NurPhotoNurPhoto via AFP (Archiv)
E Sonndeg ass mat der 6. Etapp iwwer 112 Kilometer vun Newport op Cardiff den 21. Tour of Britain op en Enn gaangen.
Den Olav Kooij huet e Sonndeg d'Schlussetapp vum Tour of Britain gewonnen, de Fransous Romain Grégoire huet sech de General geséchert. No 112 Kilometer tëscht Newport a Cardiff koum et zum Sprint vun engem 40 Mann staarke Grupp, deen déi dräi Ausräisser kuerz virun der d'Arrivée nach agefaangen hat.
Am Sprint war eng weider Kéier den Hollänner Olav Kooij dee Séiersten, dat virum Samuel Watson an dem Fred Wright, deen zum Trio gehéiert hat.
Am General huet um Enn de Fransous Romain Grégoire d'Nues vir. Hien huet eng Avance vun zwou Sekonnen op de Remco Evenepoel an d'Zil gerett. De Belsch hat an der Finall e puer Mol probéiert, fir de Grégoire nach ofzehänken. Den 22 Joer ale Fransous war awer ze staark a konnt all d'Attacken ofwieren. Op de Podium huet et nach de Fransous Julian Alaphilippe gepackt.
Eng gutt Leeschtung huet de Mats Wenzel déi ganz Woch iwwer gewisen. De Lëtzebuerger huet sech ëmmer nees gewisen a louch tëschenduerch an den Top5 am General. Um leschten Dag ass hien den 31. an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner ginn. Am General ass et um Enn déi 20. Plaz op eng Minutt an eelef Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 2:28:19
2 Watson Samuel INEOS Grenadiers ,,
3 Wright Fred Bahrain - Victorious ,,
4 Zambanini Edoardo Bahrain - Victorious ,,
5 Isidore Noa Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
6 Alaphilippe Julian Tudor Pro Cycling Team ,,
7 Tronchon Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
8 Crabbe Tom Team Flanders - Baloise ,,
9 Morgado António UAE Team Emirates - XRG ,,
10 Gilmore Brady Israel - Premier Tech ,,
...
31 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 0:00
D'Schlussklassement
1 Grégoire Romain Groupama - FDJ 19:31:23
2 Evenepoel Remco Soudal Quick-Step 0:02
3 Alaphilippe Julian Tudor Pro Cycling Team 0:04
4 Onley Oscar Team Picnic PostNL 0:08
5 Paret-Peintre Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:12
6 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious ,,
7 Van Wilder Ilan Soudal Quick-Step ,,
8 Mollema Bauke Lidl - Trek ,,
9 Bilbao Pello Bahrain - Victorious 0:17
10 Sivakov Pavel UAE Team Emirates - XRG ,,
...
20 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 1:11